Cashstuffing soll engem an Zukunft d'Méiglechkeet ginn, seng Finanzen besser am Ae ze behalen.

Wësst dir eigentlech wéi vill Suen aktuell op ärem Kont sinn? An hutt dir ëmmer den Iwwerbléck iwwer är Finanzen? Wann d'Äntwert op dës Froen Jo ass, da maacht iech Näischt draus. Dir sidd net eleng. An mir hunn och e Grond fonnt op dee mir mam Fanger kënne weisen an zwar de Cashless-Prinzip.

Cashless ass e Seegen an e Fluch zugläich. Iwwerall gëtt just nach mat der Kaart bezuelt, och wann et just e Pack Knätsch op der Tankstell ass. Virementen am Joer 2023 maache mir quasi och net méi. Ordre Permanent, Domiciliatioun, Digicash si wesentlech méi einfach a virun allem méi bequeem. Am Resumé kann ee soen, bezuelen nach ni sou einfach war wéi haut. De Problem ass awer, dass een ëmmer méi de Bezuch dozou verléiert an d’Geld verschwënnt méi séier vum Kont wéi ee mengt.

Zréck zum Boergeld ass also d’Léisung, opmanst ass dat en Trend op Social Media. Cashstuffing nennt en sech an de Prinzip ass relativ einfach erkläert. Dat ganzt Geld, dat ee fir e Mount brauch, gëtt um Bancomat opgehuewen an dono an eenzel Enveloppë verdeelt. Eng Enveloppe fir déi fix Käschten, eng Enveloppe fir Fräizäit, eng fir Iessen&Gedrénks an esou wieder. Do gehéiert awer natierlech och e gewësse Planning dozou. Wéi vill Geld brauch ech fir an de Supermarché? Wéi vill wëll ech fir mech privat hunn? Wann de Plang bis steet, stiecht dir den entspriechende Montant an déi eenzel Enveloppen an da gëtt sech de ganze Mount iwwer och dorunner gehalen.

Zum Schluss vum Mount gëtt da gekuckt: Wou hunn ech nach Geld iwwereg? Oder wou hunn ech awer op meng Kaart missen zréckgräife well ech mech vläicht verschätzt hunn? Dës Analyse hëlleft dann de nächste Mount besser ze plangen.

Cashstuffing hëlleft eis also endlech nees den Iwwerbléck iwwer eis Finanzen ze hunn, einfach well ee nees mat Boergeld bezilt. Schwächten huet de System awer trotzdeem e puer, sou zum Beispill beim Thema Online Shopping.