Wann dir op enger Party oder engem Date sidd, passt mol op wat äre Géigeniwwer bestellt. Dacks seet de Choix nämlech scho vill iwwer d'Persoun aus.

Ugefaange mam klassesche Béierdrénker
Wien beim Afterwork am léifsten e Mini drénk ass onkomplizéiert, steet mat béide Féiss um Buedem a freet sech iwwer déi kleng Saachen am Liewen. Béierdrénker si geselleg, oppen a schloen eng Invitatioun éischter seelen an der Wand.

Wien Owes éischter e Glas Wäin drénkt, ass virun allem charmant. Et si Leit, deenen een einfach net ka béis sinn. Allerdéngs sinn et immens nodenklech Persounen. Se analyséieren hire Géigeniwwer an hiert Ëmfeld ganz genee, passen op Detailer op an zéie logesch Schlëss. Dir kënnt Iech awer sécher sinn: Wann dir hinnen eppes zielt, lauschteren se ganz genee no.

Eriwwer bei d’Cocktail-Frënn
Leit, déi am léifste Mojito drénken, wëllt dir onbedéngt op ärer Party hunn. Se sinn absolutt Stëmmungskanounen a stieche jidderee mat hirer gudder Laun un. Se bréngen een zum Laachen, sinn awer och licht mysteriéis well se loossen sech seelen an d’Kaarte kucke loossen. Genee dat soll awer op friem Leit unzéiend wierken.

De geneeë Contraire sinn d’Frënn vum Schampes
Wien op enger Party eng Coupe drénkt, bleift éischter roueg an am Hannergrond. Se brauchen eng Zäitche fir waarm ze ginn an aus sech erauszekommen. Ass dat awer bis de Fall, hunn se meeschtens immens spannend an déifgrënneg Gespréicher ze bidden.

Eriwwer bei den Gin-Tonic
Dësen Drink gëtt favoriséiert vu Leit, déi ganz genee wësse wat ze wëllen. Si siche ganz bewosst en Challengen am Liewen an si sech dacks net ze schued, e Gespréich mat frieme Leit unzefänken. Langweil gëtt et bei hinnen dann definitiv och net, well se si ëmmer op der Sich no engem Kick.

An zu gudder Lescht: Whisky Sour
Ech sinn dee Gäilsten, dee Beschten an dee Schéinsten. Fans vun dësem Cocktail sti gären am Mëttelpunkt, si selbstbewosst a schwätze relativ vill iwwer sech selwer. Déi eng empfannen et als nerveg, anerer sinn dovunner awer impressionéiert.