E Vakanz-Konzept fir déi extra midd Persounen!

Firwat gi mer eigentlech an d’Vakanz? Fir eppes Neies ze gesinn? Fir nei Kulturen ze entdecken? Oder awer fir einfach mol ofzeschalten a sech ze erhuelen? Ma genee dat geléngt net ëmmer zu 100%. Dacks hëlt ee sech esou vill vir an der Vakanz, dass een no der Vakanz Vakanz vun der Vakanz brauch. Do gëtt ee bei all deene Wierder, déi sech widderhuele jo direkt midd. A Propos midd, kennt der gell? Moies schellt de Wecker, séier snoozen, e schellt nach emol, et steet ee vill ze midd op well een den Dag virdru vill ze spéit an d'Bett gekroch ass an insgesamt ass alles esou schnelllieweg an eisem Alldag, dass mer egal wéi eng Auerzäit iergendwéi ëmmer eng Défaillance hunn.

Ma genee dowéinst ass de Schloftourismus wuel entstanen an ëmmer méi Destinatioune gräifen d’Iddi op fir Touristen ze erméigleche geziilt zur Rou ze kommen. D’Konzept ass eigentlech ganz einfach: Amplaz sech dorop ze konzentréieren esou vill Aktivitéite wéi méiglech unzebidde setzt een hei op Entspanung an de richtege Komfort. 

An dat soll klappen?! Ëmmerhin ass et dacks dat eegent Bett op dat ee sech no der Vakanz freet. Ma net esou beim Schloftourismus, hei kréien d’Visiteuren extra Servicer ugebuede fir virun allem eppes ze maachen: gutt a vill ze schlofen. Esou ass et éischter méiglech, dass een doheem dat friemt Bett vermësst, an net ëmgedréint.

Am "Park Hyatt Hotel" zu New York gëtt zum Beispill eng Schlofsuite ugebueden an där d’Bett sech individuell un de Gaascht upasst. Am Hotel "The Cadogen" zu London sti souguer Schlofexperten zur Verfügung, déi engem mat Meditatioun oder Téi zur Säit sti wann een net aschlofe kann. An zu Genf gëtt et en Hotel an deem Visiteure mat Schlofproblemer souguer mat Dokteren zesummen eng laangfristeg Schlof-Strategie ausschaffe kënnen.

Lauschtert hei d'Reportage!

Ob een dofir dann elo extra wäit fueren oder fléie wëll dat ass wuel jidderengem selwer iwwerlooss. Allerdéngs géife mer dovun urode villäicht net onbedéngt de Kontinent ze wiessele well Jetlag spéitstens beim Zeréckkommen, de Schlof nees op d’Kopp geheit. Villäicht misst ee sech éischter Gedanke maache firwat een de Schloftourismus brauch an d’Grënn vun der immenser Middegkeet am Alldag hannerfroen.