Oder musse mer se just anescht notzen?

Eng Etüd an Däitschland huet erginn, dass vill Mënsche sech fir dëst Joer méi Fräizäit wënschen, fir sech selwer, fir Frënn a fir Famill. Ma wärend gewosst ass, dass net genuch Fräizäit Stress ausléise kann ass och bewisen, dass ze vill Fräizäit kontraproduktiv ass. De sprangende Punkt fir méi Zefriddenheet wär Wëssenschaftler no, net onbedéngt méi Fräizäit mee bessert Notzen dovun.

Fir en Iwwerbléck ze kréien: stellt iech e Krees vir, dëse representéiert är Zäit pro Woch. 44,02% vun dësem Krees gi genotzt fir eis Grond-Besoine wéi Schlof, Iessen an Hygiène. 8,82% stellen den Haushalt duer a 26,79% gi fir d’Aarbecht drop. Bleiwen also nach 20,38% , ëm déi 34 Stonnen, Fräizäit pro Woch.

Zu der Fro brauche mer méi dovun?

Fuerscher soen 2 Stonne Fräizäit den Dag gi schonn duer fir zefridden ze sinn, alles wat duerno drop kéim géif dëst Gefill net onbedéngt steigeren. De Problem ass d’Notze vun dëser Zäit.

Am Schnëtt verbrénge mer pro Woch iwwer 6 Stonne vun eiser Fräizäit mat berufflechen Aktivitéite well mer virun iergendengem Schierm sëtzen an een da séier an den Aarbechtsmodus verfält. Nieft der Internetnotzung, verbréngen och vill Leit hir Fräizäit mat Tëlee kucken, um Computer, an deem se Musek lauschteren oder um Handy. Domat kritt een d’Zäit zwar ëm, ma et ka Stress ausléise well ee sengem eegenen Usproch Fräizäit sënnvoll ze notzen net gerecht gëtt. Wie seng Fräizäit also net sënnvoll genotzt empfënnt, dee fillt sech séier onwuel a verfält quasi a Fräizäitstress.

Lauschtert eran

Op d’Fro wéi vill Fräizäit brauch e Mënsch fir glécklech ze si gëtt et deemno keng universell äntwert an et hänkt dovun of wéi vill ee schafft, wéi ee se notzt a wat een am glécklechste mécht.