Am Lockdown war et Normalitéit, sech doheem anzespäeren an just nach vum Canapé opzestoen, wann et wierklech néideg war. Dëse Lifestyle ass elo zréck...

Corona? Pandemie? Lockdown?
Begrëffer, déi vill Leit mëttlerweil aus hirem Sproochgebrauch geläscht hunn.
Et schéngt wéi wann all déi Saache schonn éiweg hier wieren.

Ma wiem ass et ze verdenken?
D’Leit wëlle Corona hannert sech loossen an erëm esou liewe wéi fréier.

Am Joer 2022 ass op Social Media an um Internet awer ëmmer nees ee bestëmmte Begrëff opgedaucht, dee genee dës Ausso widderleet: De sougenannte Goblin-Modus.

What The… ass dat? Frot dir Iech bestëmmt...
E Goblin ass e Fabelwiesen. Dreckeg, verdruddelt, net schéin unzekucken an ass meeschtens an donkelen Hielen doheem. Dës Definitioun gëtt dann aktuell, esouguer vu Sozialwëssenschaftler, fir eng gewëssen Zort vu Mënsche benotzt. Vill Leit sinn aktuell nämlech erëm zréck am Lockdown-Modus a sinn domadder och ganz zefridden. E puer Deeg net duschen, iergendwellech Schlabberkleeder, et läit een nonstop am Bett, kuckt wéi en Zombie Netflix a scrollt ëmmer nees duerch de selwechten Instagram-Feed. Virun t'Dier geet ee just nach wann den Här vun der Post oder de Liwwerdéngscht erëm déi nächst Bestellung ofgeliwwert huet.

E Goblin haust an et ass him egal, wéi hien ausgesäit. En evitéiert Mënschen an all soziale Kontakt. Hmm… Dat kléngt iergendwéi genee wéi e gudde Kolleeg vu mir, deen zanter Corona zu 100% am Home Office ass an deen ech zanterhier och net méi gesinn hunn.

Ma dëse Goblin-Modus kann och positiv sinn, esou Sozialfuerscher.
De Goblin Modus ass kee permanent Zoustand, mee eng Zort vu Kostüm, dee mir eis doheem undoen. Et muss ee net ëmmer sozial oder perfekt sinn. Heiansdo soll een esouguer e klénge Goblin sinn, deen einfach just seng Rou wëll hunn. Fort mat der Welt an de ganze Problemer.
Dat soll hëllefen vum Stress an Drock aus dem Alldag erofzekommen.

An deem Sënn, ech ginn erëm zréck a meng Hiel. Bis geschwënn…