Méi Etude no kann den Iessensgoût eppes iwwert de Charakter verroden. Wéi ass een dann wann ee léiwer séiss, salzeg oder schaarf ësst?

Gëtt et tatsächlech een Zesummenhang tëschent Iessensvirléiften an der Perséinlechkeet? Direkt e puer Etudë maachen däitlech, dass eist Liblingsiessen duerchaus Réckschlëss op eise Charakter kann hunn.

Wie gäre schaarf ësst, ass warscheinlech méi risikobereet. Fuerscher a Fuerscherinne vun der Pennsylvania State University hunn ënner Beweis gestallt, dass e Persounen, déi verstäerkt Risiko-Situatioune sichen och gäre schaarf iessen. Des Weideren huet dat och bei Persoune gestëmmt, déi gäre schwammen a gäre gelueft ginn. Wien also no Sensatioun sicht, wielt beim Iessen ëfters spicy.

Du ëss léiwer batter. Hei hunn éisträichescher Fuerscher d'Virléift vu Persounen ënnersicht, déi gäre schwaarze Kaffi, Tonic Water an aner batter Iesswueren iessen. D'Resultat vun der Etude huet hei erginn, dass e Persounen, déi batter gären hunn, éischter béiswëlleg Charakterzich hunn. Hei ass awer ze betounen, dass nëmmen ee gerénge Prozentsaz tatsächlech Psychopaten ausmécht.

Persounen déi am léifste séiss Saachen iessen, ginn automatesch mat de Charaktereegenschafte léif, häerzlech an zevirkommend associéiert. Dat hu Fuerscher a Fuerscherinne vum Gettysburg College erausfonnt. Der Etude no gi Persounen déi gäre séiss iessen, automatesch vu Persounen aus dem Ëmfeld als frëndlech agestuuft. Och d'Testpersounen hunn sech selwer als ëmgänglech an hëllefsbereet ageschätzt. Op dat awer tatsächlech esou ass, konnt net bestätegt ginn. Dës Informatioun kéint och als manipulativ agesat ginn.

Schlussendlech ass et awer ganz egal op ee léiwer schaarf, batter oder séiss Saachen ësst. Et soll een dat iessen op wat ee Loscht huet a fir deen eegene Charakter ass een nach ëmmer selwer zoustänneg.

Lauschtert hei de ganze Reportage.