An enger Etüd hu Fuerscher aus Dänemark ënnersicht, wéi eng Musek vill Leit an hire Schlof-Playlisten hunn.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Wann et ëm d’Schlofe geet, dann hunn vill Leit schonn déi komescht Saache probéiert, fir no engem laangen Daach sou séier wéi méiglech d’An zou ze kréien. Och Musek ass ganz dacks eng Method fir méi séier anzeschlofen. Schloflidder gi schonn de klenge Kanner virgesongen an och bei Erwuessenen si Schlof-Playliste keng Seelenheet.

Op enger Universitéit zu Arrhus an Dänermark hu Fuerscher lo probéiert erauszefannen, wéi eng Musek d’Leit esou lauschteren ier se dann aschlofen.

Ronn 986 Spotify-Playliste goufen ausgewäert. Hei goufe ronn 225.000 Lidder ënnert d’Lupp geholl a matenee verglach. Bei dëse Recherchë sinn d’Fuerscher dann och erstaunlecherweis dacks op BTS an d’Billie Eilish getraff.

Bei de Schlof-Playliste gouf dann och erausfonnt, dass ronn een Drëttel vun de Leit éischter méi roueg, lues an akustesch Musek lauschtere vir anzeschlofen. Anerer hunn dann awer léiwer Pop-Songs déi dann eng berouegend Wierkung sollen hunn.

Vun der koreanescher Boy-Band BTS ass dann opfälleg dacks den Titel "Dynamite" opgetaucht. Vum Billie Eilish war et d’Lidder "Lovely” zesumme mam Khalid a "I love you" vu sengem Album «When We All Fall Asleep, Where Do We Go?”.

Awer och de brittesche Sänger Harry Styles dierf natierlech an dësem Ranking och net feelen. Säin Song "Falling" soll dann och ville Leit beim aschlofen hëllefen.

Dës Lidder sollen allerdéngs net immens langweileg oder roueg sinn, mee fir vill Leit sinn dës Lidder déi hinnen immens gutt gefalen an si sech doduerch dann och wierklech entspane kennen.

Ob dës Lidder dann an Zukunft déi bekannte Kannerlidder ersetze wäerte bleift awer lo fir de Moment mol nach ofzewaarden.

Déi ganz Etude fann der HEI.