Eng indesch Firma huet eng Strof agefouert, wann een seng Mataarbechter am Congé stéiert.

Een indeschen Tech-Startup huet ee Wee fonnt, fir sécherzestellen, dass en d'Mataarbechter op hire fräien Deeg och wierklech vun allen Aarbechtsapparater, wéi dem Handy, dem Tablett oder dem Laptop getrennt sinn. D'Firma verhänkt nämlech eng Geldstrof an der Héicht vun 1.200 Dollar, dat sinn 1.116,35 Euro, fir all Mataarbechter, dee seng Kolleegen aus dem Büro am Congé net mat Rou léisst.

Dës Firma, déi eng Fantasy-Sport-Plattform mam Numm Dream11 betreit, erkläert an engem Interview mam amerikanesche Fernseesender CNBC, dass seng Mataarbechter all Joers mussen op mannst en Woch Congé um Stéck huele fir sech esou vum Firmesystem kënnen ofzekoppelen an ofzeschalten. Ee mol d'Joer gëtt een dann hei aus dem System gehäit. Do huet een dann och keen Zougrëff op Slack, d'Mailen an ass och net iwwer Telefon erreechbar.

Des Weideren hëlleft dat Ganzt net nëmmen dem Mataarbechter fir ganz ofzeschalten, mee et hëlleft och der Firma fir ze gesinn, wéi ofhängeg ee vun enger Persoun ass.

D'Firma gouf Enn 2021 mat 8 Milliarden US-Dollar bewäert. Dat si ronn 7,4 Milliarden Euro.

Fazit vun der Firma seet, dass en d'Mataarbechter sech bis elo un d'Richtlinnen halen. An et wëll ee jo och net den Idiot sinn, deen déi aner stéiert, déi net grad schaffen.

Och schonn aner grouss Firmen hunn sech ee Beispill un deem Projet geholl. Esou maache verschidde Firmen hir Diere fir zwou Woche ganz zou an aner Firmen hunn onendlech vill Congésdeeg agefouert.

Lauschtert hei de ganze Reportage.