
© Unsplash
D'Technologie entwéckelt sech ëmmer méi weider, ee Beispill sinn hei Deepfakes.
Deepfakes ginn duerch kënschtlech Intelligenz produzéiert. An zwar eng spezifesch Zort, déi sech "Deep Learning artificial intelligence" nennt. "Deep Learning" setzt sech aus Algorithmen zesummen, déi sech selwer bäibrénge wéi ee Probleemer léise ka wann ee grouss Quantitéite vun Donnéeë kritt. Domat kann een d’Gesiicht an d’Ausgesi vun enger Persoun mat enger anerer Persoun ersetzen. D’Computeren an d’Technologie ginn ëmmer besser doran fir Realitéit ze simuléieren: also gi se ëmmer méi realistesch.
Fir esou en Deepfake ze maache brauch een natierlech Videoen an deem d’Gesiicht vun der Persoun ze gesinn ass, an da brauch een eng Kollektioun vu Videoe wou een den Deepfake asetze wëll. Mat verschiddene Programmer, Softwares an Apps ass dat ganzt méiglech. E bekannt Beispill vun Deepfake war ënner anerem de fréieren US-President Barack Obama, deen säin Nofollger Donald Trump mat Frechheete vernannt hat: an dobäi hat hien déi Saachen ni gesot.
Meeschtens ginn Deepfakes leider net mat enger positiver Absicht produzéiert mee éischter fir negativ Konsequenzen ze verursaachen. De Grond, deen am meeschte benotzt gëtt fir Deepfakes ze maachen ass Pornografie: ganz vill Gesiichter vu weibleche Stare ginn an deem Kontext benotzt. Geféierlech sinn Deepfakes awer natierlech och wann se benotzt gi fir Fake News ze verbreeden an och fir vereenzelte Leit ze schueden.
Iwwregens kënnen net just Videoe gefaked gi mee och Audio-Dateien: et ass nämlech méiglech d’Stëmm vun enger Persoun nozemaachen. Mee Deepfakes ginn ëmmer méi eescht geholl: zum Beispill huet déi däitsch Regierung eng extra Säit doriwwer op hirem Internetsite.
Et ass awer nach ëmmer méiglech Deepfakes erëm z’erkennen: zum Beispill kënne Fake Gesiichter nach net gutt blënzelen, de Video ass och nach e bëssi onschaarf an heiansdo passt den Audio net genee bei de Video.