
© Pexels
Musek ass e wichtegen Deel vum Liewe vu ville Leit an dowéinst gëtt den Effekt esouwuel op de Kierper mee och op d’Psych gefuerscht.
Eng méi nei international Etüd soll dann deementspriechend erausfonnt hunn, dass d’Musek fir vill Leit eng ganz grouss Roll wärend der Corona-Pandemie gespillt huet.
Et ass scho méi laang gewosst dass verschidde Lidder ganz vill Energie ausléise kënnen, d’Laun verbessere kënnen, dozou bäidroe kënnen dass ee sech sozial bënnt an de Kapp fräimaache kënnen.
Mee aus enger internationaler Etüd vum Max-Planck-Institut geet ervir dass 50 Prozent vun de Participante mengen dass d’Musek hinne wärend der Pandemie gehollef huet. Duerch d’Musek konnten se besser mat der schwiereger Situatioun ëmgoen. A well och Lidder wärend der Pandemie iwwer d’Pandemie geschriwwe goufen, huet dat och de Leit d’Gefill ginn dass se verstane géife ginn an net eleng wieren.
Wat geschitt dann am Kierper wann ee Musek lauschtert? Et ka schonn an deenen éischte Sekonne vun engem Lidd Dopamin – also d’Gléckshormon – ausgeléist ginn. Natierlech funktionéiert dat och just bei Lidder, déi ee selwer gären huet. Et ass also e ganz individuelle Phenomen. Wat een d’Lidd méi gär huet wat d’Gehier ëmsou méi Dopamin fräigëtt. Doru gekoppelt schléit d’Häerz och méi séier an et otemt ee méi déif. Et kann esouguer sinn dass ee spiert wéi seng Haut elektriséiert ass. Nieft dem Stress ka Musek Angscht an a verschiddene Fäll esouguer Péng reduzéieren.
Well et ass net just d’Melodie, déi eng Wierkung op eis huet mee natierlech och d’Lyrics. Domat kann een sech nämlech identifizéieren. Wann ee matséngt a matdanzt gëtt den Effekt nach méi däitlech. Musek kann esouguer als Mëttel fir déi systematesch Behandlung vun Depressiounen agesat ginn.
Dat ass awer och net bei jidderengem esou. Verschidde Fuerscher sollen erausfonnt hunn, dass net all Mënsch déi Affinitéit huet a bei deene Leit, léist Musek guer net vill bis guer näischt aus.