Vill Klimaaktiviste kritiséieren d'Schivakanz, dat well dës extreem ëmweltschiedlech ass. Dat ënner anerem wéinst engem héijen Energievererbrauch.

Fir d'éischt muss ee mol an d'Schigebitt kommen, da checkt een an engem Hotel an. Fir op de Bierg erop muss een ëmmer de Lift huelen an deemno wéi wéineg Schnéi läit mussen och nach vill Schnéikanoune lafen, fir dass och Schnéi garantéiert ass.

Do kann een sech mol froen, wéi ëmweltschiedlech Schifueren an d'Schivakanz wierklech ass. A kéint een dat Ganzt e bëssi méi ëmweltfrëndlech gestallten?

Souwuel d'Schigebitter ënnerhuele Mesure, fir dee ganze Schnéispaass méi klimafrëndlech ze gestallten, wéi och verschidden Hoteller. Verschidde Schigebitter verzichten zum Beispill ganz op kënschtleche Schnéi. Aner Schigebitter argumentéieren, dass Schnéikanoune just ee klengen Deel vum Energieverbrauch ausmaachen. Mee och hei ginn et Schigebitter, déi op erneierbar Energie Wäert leeën, fir d'Schnéikanounen an d'Lifter a Betrib ze huelen.

Wat kann een dann als Vacancier maachen, fir d'Schierliefnis méi klimafrëndlech ze gestalten?

Sou soll een als Wantersportler ëmmer op Schutzzonen a Schutzzäiten oppassen an op Freeriden a Schitoure verzichten. Des Weidere muss een net ëmmer déi neisten Ausrëschtung kafen, mee et kann een och gebrauchte Saache kafen an déi flécken. Da kann een sech fir Schigebitter entscheeden, déi op nohalteg an erneierbar Energie sëtzen. A wann een zu puer an d'Schivakanz fiert soll ee mat sou wéineg Autoe fuere wéi et méiglech ass. Oder souguer mam ëffentlechen Transport an d'Vakanz fueren. Ëmmer méi Schigebitter bauen hiren ëffentlechen Transport aus a si mëttlerweil richteg gutt ugebonnen. Och bei der Wal vum Hotel kann een sech fir een Hotel entscheeden dee nohalteg, energieeffizient a minimalistesch ass. Och där Hoteller fënnt een ëmmer méi.

Leider geet Diskussioun ëm nohalteg Schivakanzen oft ënner an awer ass et méiglech wann een et wëll.

Just nach kuerz zum Verglach: d'Schivakanz ass net déi gréisste Klimasënn a Saache Vakanz. D'Urees an d'Ofrees hannerloossen dee gréisste Co2-Ofdrock an hei si virun allem Reese mam Fliger problematesch. De Vol eleng hannerléisst schonn ee méi grousse Co2-Ofdrock, wéi eng ganz Schivakanz.

Lauschtert hei de ganze Reportage.