
© Unsplash
Endlech ass dee groe Mount eriwwer, Zäit fir Konfetti reenen ze loossen!
Et ass dach ëmmer dat selwecht, iergendwéi ass ee frou, dass all déi Feierlechkeete vum Dezember op en Enn kommen. Déi éischt Deeg geet een also nach positiv gestëmmt an dat neit Joer well een denkt «endlech erëm Normalitéit». Ma an dann hält se net méi op, déi Normalitéit, déi Routine a virun allem deen onendlech laange Mount an deem guer näischt leeft. Dat spannendst ass den Noper deen engem och no 2 Wochen ëmmer nach «alles Guddes am neie Joer wënscht». Gutt News, den zweete Mount vum Joer klappt un a mir sinn esou eppes vu prett dofir!
No all deene groen an naasse Méint (fir déi déi dry January gemaach hunn, villäicht méi dréchen), ass et un der Zäit mol rëm Faarf an d’Liewen ze bréngen. Gutt dass am Februar d’Fuesent lass geet. Do wären dann ee Mol d’Schüler, deels d’Studenten a Personal aus dem Beräich Educatioun déi sech scho mol op d’Fuesvakanz kënne freeën. Ma och déi aner Fuesboken, déi villäicht net fräi hunn, hu Grond ze feiere well et sti Fuesbaler a Kavalkaden um Programm. Dovu ganz ofgesinn: Fueskichelcher!
A fir all eis Séiss, denkt dru wann ee sech op Fueskichelcher freet, kann ee sech ganz geschwënn och schonn op déi gutt Bretzele freeën.
Déi, déi et méi mat Chicken Wings, Cola, Chips a Co hunn, kënne sech awer och scho mol andecke well déi passend Snacks gehéieren am Februar, fir genee ze sinn dem 13ten dozou. Football Fans, Nuetseilen a Leit, déi endlech mol erëm d’Rihanna op enger Bün wëlle gesinn: de Superbowl bréngt all dat am Februar zesummen.
Den Dag drop, wann der net ze midd sidd kënnt der iech dann op Zweesamkeet freeën a mat ärem Léifsten oder ärer Léifster Vältesdag verbréngen. A fir all déi, déi dat total iwwerflësseg fannen, denkt drun: Déi Deeg drop kritt der bëllege Schockela ze kafen.
Falls ech iech elo mat Vältesdag erof gezunn hu well der guer kee Bock dorop hutt, da freet iech op You. Déi nei Staffel vun der Serie kënnt am Februar eraus a beweist definitiv, dass et heiansdo besser ass net ze daten, gell Joe?