D'Petitioun Nr. 2550 gesäit fir, dass e Schüler a Studenten och beim Schaffen ausserhalb vun der Schoulvakanz keng Cotisatioune musse bezuelen.

D'Petitioun Nr. 2550 riicht sech u Schüler, Schülerinnen, sou wéi u Studenten a Studentinnen an et geet drëms, dass en si op fräiwëlleger Basis och ausserhalb vun de Schoulvakanzen dierfe schaffe goen, ouni musse Cotisatiounen ze bezuelen. Dat heescht si duerfe fir ee Patron schaffe goen, mee dat awer ënnert engem Beschäftegungsvertrag a net ënnert engem Aarbechtsvertrag. Sou sollen d'Schüler an d'Studenten d'Méiglechkeet hunn, eppes ze verdéngen ouni Steieren a Cotisatioune mussen ze bezuelen.

Dës Petitioun gouf vum Jennifer Wagener-in't Groen an d'Liewe geruff mam Hannergedanken, dass et weekends vill Méiglechkeeten a ville verschiddene Branche ginn, bei deenen een och ausserhalb vun de Schoulvakanzen Ënnerstëtzung vu Schüler a Studente brauch. Vir de Betrib ass et oft schwiereg Personal ze fannen, déi just eng kuerz Dauer wëllen a kënne schaffen. Studenten a Studentinnen esou wéi Schüler a Schülerinne kéinte fir dës Branchen ee Manktem u Personal opfänken an zousätzlech eppes verdéngen, ouni mussen Ofgaben ze leeschten. Ee Contrat à durée déterminée ass fir Studenten a Schüler oninteressant, mee ee Beschäftegungsvertrag erlaabt hinnen ee Studium an eng Aarbecht kënnen ze kombinéieren.

Lauschtert hei de ganze Reportage.