"Et sinn 90 Sekonne virun 12!" Esou laang bleift der Mënschheet bis se sech selwer ausläscht.

Op der Weltënnergangsauer stinn Zären zënter dem 24. Januar op 90 Sekonne virun 12. Sou no stoung d'Mënschheet, de verantwortleche Wëssenschaftler no, nach ni virun hirem eegenen Ënnergang. Zënter 2020 stoung d'Weltënnergangsauer op 100 Sekonne virun 12. Mat der neier Zäit vun 90 Sekonne bréngt d'Atomwëssenschaftler vum Bulletin Board déi prekär Situatioun vun der Weltbevëlkerung zum Ausdrock. Dës Situatioun ass virun allem duerch den Ukrainkrich an d'Klimakris begrënnt.

Wat genee ass déi Auer dann elo a wéi oft gouf se scho geréckelt?

Ursprénglech huet se net Weltënnergangsauer geheescht, mee Atomkrichauer. An se gouf 1947 agefouert a stoung deemools 7 Minutte virun 12. Si sollt zum Ausdrock bréngen, wéi knapp d'Mënschheet virun der Vernichtung duerch Atomwaffe steet. Haut zielt net nëmmen d'Atomgefor zu de Krittären, mee och Ëmweltgeforen, Klimakatastrophen an aner Kricher. Zanterdeem et d'Auer gëtt, gouf se 24 Mol ugepasst. An de 50er Jore stoung d'Auer op zwou Minutte virun 12, dat wéinst der Gefor vun engem Atomkrich an der weltwäiter Oprëschtung vun Atomwaffen a Waasserstoffbommen. Mee ronn 60 Joer méi spéit steet d'Mënschheet nach vill méi no virum Ënnergang. Nach méi no wéi wärend dem Kale Krich. Nämlech op 90 Sekonne virun 12. Wat geschitt wann d'Auer 12 schléit. Dat bleift ofzewaarden. Mee trotzdeem ass hei awer nach ze betounen, dass d'Auer och nees no hanne ka verréckelt ginn. Esou gouf se nom Kale Krich op 6 Minutte virun 12 verréckelt an Ufanks de 90er Joer souguer op 17 Minutte virun 12. Zanterdeem ass se awer konstant séier nees no virgestallt ginn.

Lauschtert hei de ganze Féx erkläert.