
© YouTube Screenshot
Fir d'Fans vu London Grammar, Elephanz oder Therapie TAXI presentéiert d'Eldo-Museksredaktioun d'Band Hyphen Hyphen als Concerts-Tipp fir de Mount Februar!
Hyphen Hyphen – freshen, franséischen Elektro-Pop vun der Côte d’Azur! Aktuell Besetzung: Samanta “Santa” Cotta, Romain “Adam” Adamo a Laura “Line” Christin. D’Santa an den Adam si säit hirer Kandheet gutt Kolleegen, d’Line hu si wärend hirem Plastic-Arts-Studium zu Nice kennegeléiert. No e puer Erfolleger bei regionalen an nationale Band-Competitiounen, kruten Hyphen Hyphen 2012 an 2013 Optrëtter bei de renomméierte franséische Festivals Solidays, Eurockéennes de Belfort a Rock en Seine. 2016 krute si beim Victoires de la Musique de Präis fir “Révélation Scène”, also “Best New Live Act”.
Éischt gréisser Erfolleger konnte si mat Tracks ewéi “Just Need Your Love”, “We Light the Sunshine” oder “KND” feieren. D’Kollaboratioun “Lonely Baby” mam Kiiara sollt Hyphen Hyphen och international op d’Kaart bréngen.
No “Times”, “Times & Lives” an “HH” huet déi franséisch Formatioun elo hire ganz neien Album “C’est La Vie” erausbruecht, deen si donneschdes den 2. Februar och hei zu Lëtzebuerg am Atelier presentéieren. Hei erwaarden iech intim Texter, sensibelen a melancholeschen Elektro-Pop, op deen een awer gutt danze kann. Mat drop sinn Tracks ewéi “Don’t Wait For Me”, “Call My Name” oder “Too Young”. Deen Track war vum franséische Fernsee iwweregens als offiziell Hymne fir d’Fraen-Fussball-Europameeschterschaft gewielt ginn.
Interessant bei Hyphen Hyphen: Dat musikalesch Ëmfeld, wat si sech iwwert déi lescht Joren opgebaut hunn. Um neien Album matgeschafft huet zum Beispill de Glenn Ballard, en Amerikaner, dee scho fir Alanis Morissette, No Doubt oder Katy Perry produzéiert huet. Mat dobäi sinn och de Mike Stent an den Dan Grech, déi scho mat Madonna, Beyoncé, Lady Gaga, Coldplay, Linkin Park, Oasis, Bastille, Lana Del Rey, Moby, George Ezra, etc. geschafft hunn. Dem Santa säi Vocal-Coach ass iwweregens de Guy Roche, dee Stëmmen ewéi Beyoncé oder Christina Aguilera gecoached huet.
No bal 200 ausverkaafte Concerten queesch duerch d’Welt an deene leschten 2 Joer, kommen Hyphen Hyphen elo mat hirer “C’est la vie Tour” bei eis op Lëtzebuerg.
