
© Pexels
Op de Soziale Medien, wéi TikTok ass nees een neien Trend ënnerwee. Nämlech de "Lucky-Girl-Syndrom". Wat ass dat a wéi geféierlech ass den Trend?
Beim "Lucky-Girl-Syndrom" geet et drëms, ze manifestéieren, dass ee vum Gléck verfollegt gëtt an dat ouni eppes dofir ze maachen. Dat Ganzt kann awer och de Contraire bewierken.
Wat ass de "Lucky-Girl-Syndrom" dann elo genee?
Hei geet eng Influencerin dovunner aus, dass, andeems hatt sech selwer ariet, dass hatt esou vill Gléck huet an dee glécklechste Mënsch ass an dass alles gutt geet, hatt dann och dru gleeft an dann dat eegent Liewe besser gëtt. Den Hashtag #LuckyGirlSyndrome gouf mëttlerweil schonn iwwer 150 Millioune mol benotzt.
Ass "Lucky-Girl-Syndrom" just eng psychologesch Method, déi glécklech mécht?
Schonn zënter ville Jore ginn et esou Methoden, déi dozou sollen hëllefen, méi glécklech ze sinn. An deene seet een sech "Ech si gutt", "Ech si schéin" oder "Ech si genuch". Doduercher, dass e mir eis dat ëmmer erëm soen, baut sech ee gutt Selbstbewosstsinn op. Doduerch kënne mir besser Emotioune verschaffen an allgemeng besser mat Stresssituatiounen ëmgoen. De groussen Ënnerscheed ass hei awer, dass en esou Methoden no banne gericht sinn. Dat heescht vir ee selwer. An "Lucky-Girl-Syndrom" richt no baussen. Dat heescht an der Ëffentlechkeet op de Soziale Medien.
Ass "Lucky-Girl-Syndrom" dann elo éischter toxesch oder net?
Dëst Syndrom kann toxesch Auswierkungen hunn. Et ass nämlech wichteg, dass ee mat negativen Emotioune kann ëmgoen an dass ee léiert, dass och eemol eppes net gutt ka lafen. A wann een "Lucky-Girl-Syndrom" benotzt, fir mat schlechte Gedanke kloer ze kommen, da belitt een sech selwer. Et kann een sech net méi richteg selwer reflektéieren an erwaart Saachen, déi net kenne geschéien an et verléiert een sech an enger positiver Illusioun, déi och oft toxesch Positivitéit genannt gëtt.
Wéi bei all Trends soll een dëse mat Virsiicht genéissen a virun allem mat enger gudder Portioun gesondem Mënscheverstand verfollegen.