
© Pixabay
Vill Virdeeler hätt dëse relativ neie System, esou d'Stad Lëtzebuerg.
Fir d’éischt muss een emol erkläre wat de "système de salage automatique" ass. Den Dan Ferron vum Service Voirie vun der Stad Lëtzebuerg huet erkläert dass et sech ëm eng Anlag handelt, déi flëssege Salz, also eng Mëschung vu 24 Prozent Salz an normalem Waasser, sprëtzt. An dat a gewëssenen Ofstänn op der Strooss fir dass wann et unzitt oder wa Frascht ass, d’Strooss direkt ka gesalzt ginn.
D’Anlag gëtt iwwer eng Wiederstatioun reguléiert, déi niewendrun opgeriicht ass. Hei si Sonden am Buedem, déi d’Temperatur vum Buedem moosse kann. D’Anlag gëtt dann automatesch ausgeléist mee kann och manuell gesteiert ginn. Fir dass de System declenchéiert gëtt, muss d’Strooss engersäits fiicht si soss fréiert se net, an d’Buedemtemperatur muss manner wéi 2 Grad hunn. Esou evitéiert een dass et fréiert.
Aktuell gëtt et also eng Anlag um Cents. Wisou do an net op enger anerer Plaz? Um Cents ginn et Probleemer mat Bussen, an och eng grouss Pente. Et ass engersäits geféierlech wann d'Bussen eroffueren an an enger schaarfer Kéier ofbremsen. Och wann se eropfueren, mussen se lues an der Kéier fueren a kommen dann de Bierg net méi erop, wann et glat ass. Do gëtt et och eng immens grouss Frequenz vu Bussen.
Virdeel vum automatesche Salzen ass virun allem d’Sécherheet. Et kann een direkt intervenéieren an et brauch een net ze waarde bis e Camion op d’Plaz kënnt. Och déi Salz-Waasser-Mëschung wier besser fir d’Ëmwelt. Et gëtt manner Salz gebraucht wéi beim Fiischtsalz oder beim dréchene Salz.
Am Fong gouf virun 3 Joer eng kleng Teststatioun an der Montée de la Pétrusse opgestallt fir ze kucken ob dee System iwwerhaapt gutt ass. Et huet sech erausgestallt dass et derwäert wier d’Anlag dann op méi grousse Plazen z’installéieren.
Eng aner Plaz um Cents kéint eventuell an der Géigend vun der Rue des Pommiers an der Rue des Alouettes als nächst erausgesicht gi fir eng weider Anlag.