D’Iessens-Plattform ,,Taste Atlas’’ huet op der ganzer Welt no deenen 100 schlechtste Platen gesicht. Hei fannt Dir 5 Beispiller.

Sannakji (100. Platz)

Dëse koreanesche Plat ass salzeg a pecheg. Et handelt sech hei em réie Bébé-Oktopus. D’Fleesch gëtt zerhackt a mat Seesamueleg beschicht. Doduerch dass d’Fleesch direkt nom Zerschneiden zerwéiert gëtt, kann et virkommen, dass sech e puer Stécker nach beweegen. De Plat gëtt u ville koreanesche Stroossen-Stänn ugebueden a gëtt dacks mat gréngem Téi kombinéiert.

Balut (90. Platz)

De philippinnesche Plat gëtt souwuel a Restauranten, wéi och op Stroossen-Stänn ugebueden. D’Inten-Ee gëtt haart gekacht, befrucht a gebréit. Traditionell gëtt de gekachten Embryo direkt aus der Schuel giess. De Plat kann och zum Beispill als Omlette gekacht oder als Fëllung fir Kichelcher zerwéiert ginn. Ma och reng gëtt d’Inten-Ee ugebueden.

Frittéiert Tarantel (7. Platz)

Dëse Plat ass mat grousser Warscheinlechkeet, deen deen eis am meeschte schockéiert. Am Cambodge ass dëse Plat doduerch entstanen, dass d’Stied eng Zäit laang mat enger Plo u Spannen ze kämpfen haten. Zanter den 1970er Joren kritt een hei en Teller mat frittéierten Tarantelen mat e bësse Reis oder Nuddelen zerwéiert. Et ass allerdéngs geroden nëmmen d’Been ze iessen, well de Kierper vun der Spann hier Organer a Kierperflëssegkeeten enthält.

Indigirka Zalot (3. Platz)

Déi russesch Zalot besteet aus Stécker vu gefruerenem Fësch kombinéiert mat Ënnen, Ueleg, Salz a Peffer. D’Zalot gouf nom Floss Indigirka benannt a gëtt meeschtens an enger Schossel mat Äis zerwéiert. Gedronk gëtt dobäi am Normalfall Wodka.

Gamalost (1. Platz)

Gamalost ass en traditionelle Plat aus Norwegen. De Kéis besteet aus entraamter Mëllech. D’Schuel vum Kéis gëtt mat Schimmel ugereeft. Dëse Prozess dauert tëscht 1 a 6 Méint. Fir d’Hierstellung gëtt der Mëllech eng Saier bäigesat. Doduerch kritt de Kéis e sauere Goût. Wéi wann dëst awer nach net duer goe géif, gëtt de Kéis duerno och nach per Hand mat Schimmel ageriwwen.

Lauschtert hei d'Reportage: