
Khalid Oke / © Lee Dos Reis
No "Ayo (feat. Laurentius, Svent)", "Call Me Back (feat. Emblè)" a "Celebrate (feat. Laurentius)" ass de Khalid Oke zeréck mat neier Musek!
Nodeems hie seng Bachelor-Examen fäerdeg geschriwwen huet, kann den Oke sech elo endlech erëm komplett senger musikalescher Karriär widmen. Um Programm stoungen dunn och direkt zwee Songwriting-Camps. Eent dovunner war zu Bollendorf, dat anert zu Leipzig an Däitschland. Do huet hie mat zwee Songwriter- a Produzente-Kolleegen u ganz villen neie Lidder geschafft an hat eng richteg erfollegräich Woch. Aus där geschützter Bubble zu Lëtzebuerg erauszekommen wier fir hien elementar wichteg fir aus senger Comfort-Zone erauszekommen, esou den Oke um Eldo-Mikro.
Och a punkto Optrëtter probéiert den Oke lues a lues am Ausland Erfaarung ze sammelen. Esou steet am Hierscht zum Beispill e Concert virun 2000 Leit zu Köln un. Ewéi hien 2017 ugefaangen huet Musek méi seriö ze maachen, hätt hien nach kee Mënsch aus der Zeen kannt. Säi Song "Soleil" (2019) huet him dunn awer ganz vill Dieren opgemaach a lues a lues ass en internationalt Netzwierk entstanen.
"Mee dat Ganzt ze geréieren ass wierklech schwéier a richteg haart Aarbecht!"
Dofir, a well hie sech natierlech haaptsächlech op seng Musek konzentréiere wëll, kuckt den Oke sech aktuell och no engem Management ëm.
E Freiden huet den Oke seng nei Single "Lagos Boy (feat. Just Fede)" erausbruecht. Den Just Fede ass e belsche Produzent, deen dem Khalid op Instagram eng Kollaboratiouns-Ufro geschéckt huet.
"Déi Single beschreift mech, de Lagos Boy. Ech sinn op Lagos an Nigeria op d'Welt komm an ech beschreiwen d'Gefill vum Verlaangeren a wat ech a menger Heemecht vermëssen. Gläichzäiteg sinn ech awer och e Lagos Boy hei, well ech en Deel vu menger Identitéit matbruecht hunn an domadder liewen an eens gi muss."
"Lagos Boy" ass dem lëtzebuerger Kënschtler säin éischte Release vum Joer, hie beschreift de Sound selwer ganz gutt als "däischter awer waarm". Fest steet dann och schonn, dass am Fréijoer 2023 eng ganz nei EP erauskënnt - méi Detailer kréie mir an deenen nächste Wochen. Doriwwer eraus schafft de Khalid och schonn u ganz ville weidere Projeten.
"Dëst Joer wäerten esou vill faarweg Sounds vu mir kommen, vun deenen ech deelweis selwer schockéiert sinn an ech mir ni hätt kënne virstellen, dass ech esou Tracks maachen. Mee et kléngt esou gutt an et ass esou cool nei Sounds auszeprobéieren."
Ganz besonnesch ugedoen huet et him eng Single, déi zu Leipzig entstanen ass!
Wien de Khalid Oke da wëll eng Kéier live erliewen, kann dat de Weekend vum 25. a 26. Februar um Festival des Migrations an der Luxexpo The Box maachen - hei fannt dir alleguer d'Infos!

Khalid Oke / © Eldoradio