
© Pexels
Hei zu Lëtzebuerg ass een et gewinnt, net nëmmen op enger Sprooch ze kommunizéieren, mee méi Sproochen a sengem Alldag ze benotzen an esou ze switchen.
Jiddereen huet eng Mammesprooch a wann een sech ee mol méi mat der eegener Sprooch ausernee setzt. Egal op dat elo Lëtzebuergesch, Portugisesch oder Englesch ass. Do fält op, dass een an alle Sprooche Wierder vun anere Sprooche fënnt. Dat Phänomeen ass ganz normal. Hei spillt d'Globaliséierung eng grouss Roll an desto mir méi mam Internet a Filmer ze dinn hunn, desto méi gëtt dëst Phänomeen gefuerdert.
D'Sprooche sinn ee Spigel vun der Gesellschaft a grad dat ass interessant fir déi lëtzebuergesch Sprooch. Well am lëtzebuergesche Sproochraum treffe vill verschidde Sproochen openeen. Eleng an der Schoulzäit léiert ee vill verschidde Sproochen an et et huet een deelweis Fächer op verschiddene Sproochen. An dat geet dann an der Fräizäit an an der Aarbechtswelt weider. Domat gëtt dëse ganzen Transfert tëschent de Sproochen nach vill méi gefuerdert.
Deen Transfert vu Sprooche geet a béid Richtungen. Net nëmme beaflossen aner Sproochen d’Lëtzebuergesch mee och d’Lëtzebuergesch beaflosst aner Sproochen. Hei fënnt ee verschidde lëtzebuergesch oder englesch Wierder zum Beispill am Portugiseschen.
Dat Alles ass awer kee neit Phänomeen, mee eppes dat schonn ëmmer an de Sprooche geschitt ass. Fréier hat Franséisch am 18. a 19. Joerhonnert dee selwechten Afloss op Däitsch wéi Englesch et hautzedaags op europäesch Sproochen huet. Mee dat Ganzt soll ee net verdäiwelen, well et kann och seng Virdeeler hunn. Esou huet ee ganz vill verschidde Manéiere fir sech auszedrécken an et kann ee séier no Synonymmer kucken. Zum Beispill kann een Drucker, Drécker, Imprimant a Printer soen.
D'Nathalie vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch huet eis hei méi Detailer genannt.