
© Christophe Feilen
De Massimo huet am Gudde Moie Mëtteg mam Daniel Moutinho iwwer d'Entwécklung vun der Comedy-Zeen hei zu Lëtzebuerg geschwat.
Wien an de leschte Jore reegelméisseg d'Events hei zu Lëtzebuerg suivéiert huet, deem wäert opgefall sinn, dass ëmmer méi Comedy-Soiréeën uechtert d'Land opgedaucht sinn. An iwwer dës Entwécklung hu mir mam Daniel Moutinho geschwat, deen zanter Joren an der Lëtzebuerger Comedy-Zeen ënnerwee, a virun allem duerch seng Roll als Jos Den Hellen bekannt ass. Hien selwer steet reegelméisseg op der Bün a weist sech iwwer den aktuelle Succès och relativ zefridden.
Gréisser Comedy-Soiréeë kennt ee virun allem aus dem Ausland. Wien sech op de verschidde Streamingdéngscht duerch déi verschidde Comedy-Shows klickt, fënnt virun allem Stand-Up-Comedians aus den USA. Ma dem Daniel no, huet dem Public och mol ë Lëtzebuerger Touch an der ganzer Saach gefeelt.
An engem multikulturelle Land wéi Lëtzebuerg fënnt ee Comedy-Soiréeën dann net just op Lëtzebuergesch, mee och op Franséisch oder Englesch. Eleng an der Stad fënnt ee Woch fir Woch reegelméisseg Soiréeën, déi an de verschiddenste Baren organiséiert ginn an déi mëttlerweil och engem breede Public bekannt sinn. Ma d'Comedy-Zeen huet sech an de leschte Méint och op gréisser Büne wéi zum Beispill dem Grand Théâtre an der Stad oder esouguer der Rockhal etabléiert.
Bedéngt duerch dëse Succès trieden hei zu Lëtzebuerg net just ëmmer méi international Comedians op, mee vill Leit probéiere selwer an dësem Beräich Fouss ze faassen. An fir nei Comedians huet den Daniel dann och verschidden Tipps, wéi een sech virun allem am Ufank vu senger Karriär soll uleeën. Bei der Comedy geet et nämlech bei wäitem ëm méi wéi just e Witz.
Och beim Stand-Up ass et am Ufank schwéier säi Wee a säi Stil ze fannen. Ma virun allem géigeniwwer engem Public ass et wichteg net ze panikéieren, mee seng Story einfach weider ze erzielen. Well och Comedy ass eng Affaire de Goût an net all Witz ka bei jidderengem gutt ukommen. An dat geschitt esouguer deene Beschten.