Viru genee engem Joer ass eppes geschitt wat een sech am Fong guer net virstelle konnt. Mir kucken eng Kéier zréck op dat Joer Krich an der Ukrain.

D’Invasioun vun de russeschen Truppen an der Ukrain huet de 24. Februar 2022 ugefaangen. Zimmlech direkt duerno huet de Westen, dorënner d’EU Sanktioune géint Russland ugekënnegt. Et waren ekonomesch a politesch Sanktiounen. Mëttlerweil komme mir bei den 10. Sanktiounspak vun der EU géint Russland.

An am Fong hat de russesche President Putin dee Moment geduecht dass de Krich ganz séier mat enger Victoire vu sengem Land eriwwer wier. Hien hat mat engem "Blëtzkrich" gerechent mee ugangs Mäerz gouf et séier kloer dass dat net de Fall wier well d’Ukrainer sech verdeedegt hunn. De Krich huet natierlech och eng grouss Flüchtlingswell ausgeléist. D’Ukrainer hu misse flüchten a vill vun hinne sinn an europäesche Länner ukomm, dorënner natierlech och Lëtzebuerg.

Am Abrëll gouf d’Tragedie vum Krich nach eng kéier vill méi däitlech. Hei goufen nämlech Massegriewer an Dierfer ënner anerem zu Butscha entdeckt. Ziviliste goufe vu Russen op oppener Strooss ëmbruecht.

RTL

© RODGER BOSCH / AFP

Am August gouf och eng gréisser Atomkatastroph gefaart. D’Géigend ronderëm d’Atomzentral Saporischschja gouf nämlech hefteg beschoss. Am September huet de Putin dann d'Deelmobiliséierung ugekënnegt. Et goufen och 4 ukrainesch Gebidder no Referenden, déi international guer net ugesi goufen, u Russland ugeschloss. Dat waren Donezk, Luhansk, Cherson a Saporischschja.

Virun allem hat de Krich bis ewell vill mënschlech Verloschter mat sech bruecht. Um 13. Februar 2023 hunn d’Vereenten Natiounen e Bilan vun den zivillen Doudesaffer matgedeelt. Hei goufen der 7.000 gezielt an 11.000 Blesséierter. Wat Zaldoten op deenen zwou Säiten ugeet, ginn et puer Schätzungen, mee et ass een sech net ganz sécher.