Och dëst Joer steet am Februar rëm ee ganze Weekend ganz am Zeeche vum Jazz. Mir haten den Direkter Maxime Bender am Interview.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Den Trifolion zu Iechternach ass säit 2008 feste Bestanddeel an der lëtzebuergescher Musekszeen an organiséiert d’ganzt Joer Concerten, Theater an Danzoptrëtter aus immens ville verschiddene Richtungen.  Och Jazz ass säit Jore vill am Trifolion vertrueden a sou fënnt säit 2021 all Joer am Februar den Echter’Jazz Festival statt.

Wéi huet alles ugefaangen?

Dëst Joer wäert de Festival vum 23.-25. Februar stattfannen an dat mat engem Line-Up dee fir all Goût eppes ze bidden huet. Vue dass den Maxime Bender selwer als Jazz-Museker ënnerwee ass, ass et him och ëmmer wichteg hei ee gudde Mix aus nationalen an internationalen Highlighten op d’Been ze stellen.

Wéi gesäit de Line-Up dëst Joer aus?

Ee groussen Highlight vum Weekend sollt dann och de 24. Februar de Concert vum Samara Joy sin, wat bei de Grammys dëst Joer direkt zwee Präisser konnt mat heem huelen. Leider huet d’Musekerin krankheetsbedéngt de Concert missen ofsoen. Deen Owend wäert lo déi amerikanesch Sängerin Robin McKelle optrieden. D’Musekerin wäert mat enger Mëschung tëschent Soul an Jazz d’Leit begeeschteren. Am Januar hat d’Robin McKelle seng neiste Single «Taking a Chance on Love” released gehat.

Fir all déi Leit déi dësen Jazz-Weekend am Trifolion net wëlle verpassen, déi kenne lo op trifolion.lu hir Tickets kafen. Hei kann een och fir all Concert een eenzelen Ticket kafen.