Schonn zënter dem 19. Joerhonnert goufen et ëmmer nees Fuerderungen d’Schaffwoch ze kierzen.

Am 19. Joerhonnert haten d’Aarbechter an de Fabricken och guer keng Fräizäit an hunn déi ganz Woch laang geschafft.

Lauschtert eran!

Den Henry Ford, de Grënner vum Auto-Hiersteller Ford Motor Company huet hei eng ganz grouss Roll gespillt. Hien huet decidéiert de Schaffdag vun 9 op 8 Stonnen ze reduzéieren. An 1926 huet hien agefouert dass a senge Fabricke 5 Deeg d’Woch geschafft géif ginn. Et war zwar net deen éischten deen dat erfonnt huet, mee mat senger Mark hat hien e risegen Afloss.

Den Henry Ford hat net nëmmen eng generéis Oder mee war och der Meenung dass méi Fräizäit gutt fir de Kapitalismus wier. D’Leit hätten nämlech méi Zäit sech Saachen ze kafen an an d’Vakanz ze fueren. An konnten dann och eventuell seng Autoe kafen.

An esou hunn dann an den USA ganz vill Patrone vun de Fabricken him nogemaach. A bei den Amerikaner gouf dann d’Schaffwoch vu fir d’éischt 48 Stonnen an da vu 40 Stonnen am Gesetz vun 1938 festgehalen.

An Europa gouf op ville Plazen duerch Konventiounen d’Schaffwoch vun 48 Stonnen implementéiert. A Frankräich gouf dann 1936 decidéiert dass 40 Stonnen d’Woch geschafft géif ginn. An deene meeschten europäesche Länner gouf deemno d’Woch vu 40 Stonnen, an doduerch och vu 5 Schaffdeeg spéitstens an den 1970er Jore festgehalen.