D'Buergbrennen ass eng typesch Lëtzebuerger Traditioun. Mee vu wou kënnt dës Traditioun eigentlech a wat huet dës Traditioun mat enger Buerg ze dinn?

Buergbrennen ass eng Traditioun déi et just hei zu Lëtzebuerg gëtt. Dësen Dag ass traditionell um éischte Sonnden no der Fuesent. An hei gëtt ee grousst Kräiz oder deelweis eng Buerg ugefaangen. Domat soll jo dann symbolesch de Wanter verbrannt ginn. Déi eng Veräiner ginn am Virfeld Holz an d’Chrëschtbeemecher vum Mount virdrun bei den Awunner vum Duerf asammelen, fir ënner anerem domat d’Buerg ze bauen.

Dat Wuert Buerg huet u sech guer näischt mat enger Buerg am moderne Sënn ze dinn. Dëst geet nämlech op dat laténgescht Wuert "comburo" zeréck, dat "verbrennen" heescht. A mat der Zäit huet sech dorausser dat Wuert Buerg ofleede gelooss. Wéi laang et d'Buergbrenne scho gëtt ass net ganz widderluecht. Mee et geet een dovunner aus, dass dës Traditioun um Fréijoersfest am anticke Roum ofgehale gouf. Am anticke Roum huet dat neit Joer nämlech um 1. Mäerz ugefaangen.

Enger Bauerereegel no kënnen d'Wënzer um Buergbrennen d'Wierder fir de Freisummer viraussoen. "Wéi den Damp op Buergsonndeg geet, esou geet en de ganze Virsummer."

Traditionell gëtt d’Buerg op Buergsonndes verbrannt. Ma mëttlerweil ginn et awer och Veräiner déi d’Buerg schonn um Samschden, also dem Dag virdru verbrennen.

Da gëtt et hei och nach Traditioun vun der Buergdamm an dem Buerghär. Dës hunn d’Éier d’Buerg mat Fackelen unzefänken. Och hei ginn et an deene verschiddenen Dierfer aner Traditiounen.

Esou dierf déi Koppele, déi frësch bestuet gouf d’Buerg ufänger oder déi Persounen, déi am rezensten an Duerf bäigeplënnert sinn. Sou oder sou de Fréijoer fänkt nom Buergsonnden un, verschidde Joer halt besser wéi aner Joren.

Lauschtert hei de ganze Féx erkläert.