De Krich an der Ukrain hat an huet nach ëmmer Afloss op Lëtzebuerg. Wat ass hei alles geschitt? A wat fir Mesuren huet d'Regierung bis elo ergraff?

De Krich an der Ukrain, dee virun engem Joer ausgebrach ass, hat och seng Auswierkungen op Lëtzebuerg.

Esou si séier d'Präisser fir Bensinn an Diesel an d'Luucht gaangen an et bestoung de Risiko, dass fir de Wanter net genuch Gas do wier, fir ze Hëtzen an d'Elektronik. Grad am Hierscht an an de Wanterméint gouf probéiert esou vill wéi méiglech Energien ze spueren. Esou goufen Temperaturen an de Schwemmen erofgefuer an a villen Uertschafte ware Stroosseluuchten an der Nuecht ganz aus.

Des Weideren hat d'Regierung och eng Partie finanziell Hëllefen an Ënnerstëtzunge lancéiert gehat. Hei konnten ënner anerem Betriber eng finanziell Hëllef kréien. Dat wéinst den héijen Energieskäschten. Och gouf ee sougenannten Tankrabatt vun der Regierung agefouert. Hei goufen et 7,5 Cent de Liter Reduktioun beim Bensinn an Diesel. Dës Mesure sollt ursprénglech bis Enn Juli gëllen, gouf awer nach eemol bis den 31. August verlängert. Zu dëser Hausse koum et och wéinst engem Importverbuet vu russeschen Ueleger. Nieft dem Tankrabatt gouf och ee Präisdeckel am Kader vun den héijen Energiekäschte vun der Regierung gestëmmt. Hei gouf de Gaspräis op 15 Prozent am Verglach zum duerchschnëttleche Präisniveau am September 2022 gedeckelt. Nieft de Präisser vun den Energiekäschten, déi geklomme sinn, ass et och zu enger Präisdeierecht an enger Inflatioun koum. Dowéinst goufen zënter dem Ausbroch vum Krich schonn dräi Tripartitten aberuff. Hei goufen och esou Decisioune wéi iwwert de Präisdeckel gestëmmt.

Des Weideren huet sech de Premier Xavier Bettel awer och a Gespréicher iwwert d'Krichssituatioun zesumme mat aneren europäesche Ministeren engagéiert. Et gouf iwwert Friddensmesurë gehandelt an et vill Hëllefsmesure goufen ergraff fir d'Ukrain finanziell an awer och materiell ze ënnerstëtzen. Des Weideren huet de Premier och Gespréicher mam ukrainesche President Selenskyj a mam russesche President Putin gefouert. Hei gouf gekuckt eng Friddensléisung mat Russland ze fannen oder wéi een der Ukrain weider kann hëllefen. De Selenskyj war och de 6. Juni per Videokonferenz an der Chamber an huet et sech hei mat de nationale Wierder "Mir wëlle bleiwe wat mir sinn" un Deputéiert geriicht.

Lauschtert hei de ganze Reportage.