
© TIM NWACHUKWU / GETTY IMAGES NORTH AMERICA / Getty Images via AFP
U sech ass et en Term, deen ee vill méi dacks an den USA héiert. Mee ëmmer méi fënnt den Ausdrock och seng Plaz an Europa: Black History Month.
Black History Month gëtt traditionell an den USA an a Kanada am Februar all Joer gefeiert. D’Zil ass et déi zentral Roll vun de schwaarzen Amerikaner an der Geschicht vun den USA un z’erkennen. Et sollt dann de wäissen Amerikaner bewise ginn dass schwaarz Amerikaner eng wichteg Roll bei der Entsteeung vun den USA gespillt hunn. An domat geet ee géint de Rassismus vir. De Message ass dass Afroamerikaner gläich behandelt solle ginn.
D’Zil vum Mount ass et och d’Visibilitéit vun Afroamerikaner an der Geschicht z’erhéijen. An dat an engem Kontext an deem se ganz dacks schlecht duergestallt goufen. De Black History Month ass deemno ganz wichteg fir d’Aktivisten.
Wat ass den Ursprong vum Black History Month? Den Historiker Carter G. Woodson an aner afroamerikanesch Aktivisten hate fir d’éischt eng Woch agefouert (déi sougenannt "Negro History Week"). Dës gouf zënter 1926 an der 2. Woch Februar gefeiert. Zënter 1976 gëtt de Black History Month vun allen US-Presidente gefeiert, ausser wärend dem Donald Trump senger Amtszäit. Den US-Kongress huet de Mount 1986 unerkannt.
De Mount Februar gouf erausgesicht well verschidden Anti-Sklaverei-Aktiviste wéi ënner anerem den Abraham Lincoln dee Moment Gebuertsdag haten.
D’Historiker an Aktivisten hate gehofft dass een de Black History Month iergendwann net méi brauche géif. Mee d’Tatsaach ass dann een nach net op deem Punkt ukomm ass, well et nach vill an deem Kontext ze maache gëtt.