
© Pexels
Zënter e puer Joer probéieren ëmmer nees méi Länner d'Konzept vun enger 4-Deeg-Schaffwoch aus. De Bilan vun deene meeschte Firme fält ëmmer positiv aus.
D'Schaffwoch mat de véier Deeg gëtt a ville Länner ëmmer méi beléift. Beim weltwäit gréisste Versuch hunn elo 61 brittesch Firme matgemaach. D'Resultat weist, dass en d'Mataarbechter méi ausgerout sinn, méi motivéiert sinn a manner oft feelen. Am Ganzen hunn hei ronn 2.900 Mataarbechter matgemaach. An de Gros vun dësen ass begeeschtert. Och déi ënnerschiddlech Cheffe si begeeschtert vun dësem System.
D'Réckmeldunge sinn esou positiv, dass e vun deenen 61 Firmen, déi mat gemaach hunn, 56 Firmen déi 4-Deeg-Woche wëlle bäibehalen. Och d'Wëssenschaftler bestätegen déi positiv Auswierkunge vun der verkierzter Aarbechtswoch. Déi meeschte Firme konnte souguer hier Produktivitéit fuerderen oder se op mannst halen. A bei de Mataarbechter konnt ee festhalen, dass d'Zuel u Krankendeeg däitlech zeréckgaangen ass. Der Etude no ass dës Zuel am Ganzen ëm 65 Prozent zeréck gaangen.
Vill Mataarbechter begréissen ausserdeem, dass en se méi Zäit fir hier Kanner hunn an esou manner Käschte fir d'Kannerbetreiung opkommen. Dës sinn nämlech a Groussbritannien zimmlech héich. Des Weidere fält och op dass e vill manner Léit ee Burn-out maachen. Oder an Depressioune verfalen oder mat Angschtzoustänn ze kämpfen hunn. Dat well se manner Stress ausgesat sinn.
Nieft Groussbritannien hu schonn d'USA, Island, Neiséiland, Japan, Schweden an Irland d'Schaffwoch mat de 4 Deeg ausprobéiert. An och an dëse Länner ass de Feedback positiv ausgefall. Island feiert déi 4-Deeg-Woch och fest an. An der Belsch ass et zënter leschtem Joer méiglech 4 Deeg an der Woch ze schaffen, wann et mam Chef ausgemaach ass.