E Snack oder eppes ze drénken? Firwat net béides?!

Hei am Land ginn et se nach net esou dacks op der Kaart, ma am Ausland fënnt een d’ «Savory Cocktails» scho méi a méi um Menü. Ier den Trend eriwwer kënnt, kucke mer eis also mol un wat mer do ze schmaache kréien.

Wéi den Numm «Savory Cocktail» et scho seet handelt et sech hei ëm häerzhaft Drinks. Dofir ginn dann Ingrediente benotzt wéi gebrodene Speck, Champignon-Goût, pikanten Tomaten-Jus oder Arome wéi Rosmarin.

Lauschtert hei eran:

D’Kombinatioun aus dëse leschten zwou Zutaten, suergt esou zum Beispill fir e Pizza-Cocktail. A ganz wichteg bei den häerzhafte Cocktails: Salz. Nieft sauer, batter, séiss an umami gehéiert salzeg zu de Geschmaachsrichtungen a gëtt eis d’Gefill verschidden Aromae méi staark ze empfannen.

E Pizza-Cocktail, deen een iwwregens zu New York fënnt, ass tatsächlech méi ongewéinlech a modern, ma ee vun den eelsten «Savory Cocktails» ass de Benton’s Old Fashioned, bei deem de Mix aus séissem Ahornsirop a Speck fir eng wierzeg-séiss Mëschung suergt.

Aktuell gëtt awer gär nach en Ticke méi experimentéiert an esou kritt een zu Barcelona zum Beispill ënnert dem Numm «On Fire» en Drink, an deem Tahini, Séissgromperen a gereechert Mëllech dran ass.

Natierlech gëtt hei awer net just op flësseg Snacks gesat mee och passend am oder um Cocktailglas dekoréiert. An esou dierf bei engem «Savory Cocktail» de passenden Häppchen, deen zum Drink gehéiert, feelen. Dacks fënnt sech eng Scheif Speck, Ham oder Mozzarellakugelen uewen um Glas, heiansdo souguer e klenge Sandwich.

Kléngt ongewéinlech ma villäicht guer net esou verkéiert, ëmmerhi kritt een dann de Fong direkt mat zerwéiert. Op eidele Mo soll ee jo schliisslech net drénken!