De Massimo huet sech den Agenda fir de Mount Mäerz ugekuckt a presentéiert seng Top-Picks.

Netflix :

Verschidde Serie-Fans wäerten sech de 9te Mäerz bestëmmt scho méi laang déck am Kalenner ugestrach hunn. Dann kënnt nämlech den zweeten Deel vun der véierter Staffel vu You eraus. An do gi mir endlech gewuer, wéi d’Serie wäert op en Enn goen.

Wien da léiwer Filmer kuckt, deem leeën ech den 10te Mäerz Luther: The Fallen Sun mam Idris Elba un d’Häerz. De Film erzielt wéi en Detektive an e Serie-Mäerder zu London Katz a Maus spillen.

Méi liichte Kascht bitt dann d’Fantasy-Serie Shadow and Bone. Hei kënnt de 16te Mäerz déi zweete Staffel eraus.

Disney + :

Gutt News fir all d'Fans vu Star Wars! De groussen Highlight am Mäerz ass hei ouni Zweiwel The Mandalorian. Vum 1ten un dierf een sech hei nees all Mëttwoch op eng nei Episod freeën. An Jo, de Grogu ass och an der drëtte Staffel nees mat dobäi.

Wien da Loscht op e richteg düsteren Anti-Superhelden-Film huet, vum 3te Mäerz un ass The Punisher um Streamingdéngscht disponibel.