Wien den Alterungsprozess reduzéiere wëll a seng Liewenserwaardung erhéije wëll, soll seng Kalorien erofschrauwen.

Eng kaloriëreduzéiert Ernierung kann den Alterungsprozess reduzéieren an d'Liewenserwaardung erhéijen. Dat Resultat hu schonn zënter méi laangem Etuden aus dem Labo erginn. Hei gouf dës Theorie awer un Déiere getest. Ma elo ass de Fuerscher fir eng éischte gehéiert gelongen, dësen Effekt och bei de Mënschen nozeweisen. Hei handelt et sech ëm eng Etude vun der renomméierter Columbia University zu New York.

Bei der sougenannter Calerie-Study hunn 220 gesond an normalgewiichteg Männer a Fraen am Alter tëschent 21 a 50 Joer matgemaach. Fir d'Etude goufen d’Participanten an zwou Gruppen agedeelt. Déi eng Hallschent huet sech bannent engem Zäitraum vun 2 Joer ganz normal erniert. Esou wéi si et vu sech aus gewinnt waren. Déi aner Hallschent huet ënner wëssenschaftlechen Instruktioun 25 Prozent manner Kalorien zou sech geholl. Hei ass et dee Moment och net zu engem Manktem u Närstoffer oder zu Ënnerernierung komm. Participanten hunn am Ofstand vun 12 a 24 Méint Bluttanalyse misse maachen. An hei hunn d'Fuerscher tatsächlech erausfonnt, dass den Alterungsprozess beim Grupp mat der kaloriëreduzéierter Ernierung zeréckgaangen ass. An dat ëm zwee bis dräi Prozent.

Och de Risiko vun der Stierflechkeet ass ëm zéng bis 15 Prozent zeréckgaangen. Dat huet quasi dee selwechten Effekt op de Kierper wéi d'Auswierkunge wann een ophält mat fëmmen.

Verschidden aner Fuerscher kritiséieren awer, dass den Zäitraum vun 2 Joer net duergeet fir ee laangfristegt Resultat ze kréien.

Déi wichtegst Krittäre fir ee laang gesond Liewen si genuch Schlof. Hei soll een op mannst tëschent 6 an 8 Stonne schlofen. Eng gesond Ernierung bei där ee vill frëscht Geméis, gesond Fetter wéi Olivenueleg, souwéi Fësch a Pouleten ësst an esou mann wéi méiglech Zocker a Salz zou sech hëlt. Dobäi kënnt, dass een all Dag sech beweege soll an zwee bis dräi mol d'Woch Sport soll maachen. Am Beschte soll ee Schwammen, Spadséieren oder Vëlofueren.

Des Weideren si sozial Kontakter och immens wichteg. Dat wéinst der mentaler Gesondheet. Hei soll ee vill Wäert op ee stabilt Ëmfeld leeë wouduerch een sech manner eleng fillt. An zu gudder Lescht soll een op Alkohol an Nikotin verzichten. Nëmmen eng kleng Zomm huet scho massiv Konsequenze fir eis Gesondheet.

Lauschtert hei de ganze Reportage.