
© Radioplayer.lu
Radioplayer ass eng App, déi all lëtzebuergesche Radiosender op enger Plaz gruppéiert.
Radioplayer kann een sech vun elo un hei zu Lëtzebuerg eroflueden an dës ass eng Plaz op där fir déi éischte Kéier all Radiosenderen aus dem Grand-Duché gruppéiert ginn. Nieft Eldoradio kann een hei och L'essentiel Radio, Radio 100,7, Radio Ara, Radio Latina, RTL - Deutschlands Hit-Radio, RLT Gold, RTL Radio Lëtzebuerg a RTL Today Radio streamen.
Als offiziell App vun de wichtegste Radiosender hei zu Lëtzebuerg erméiglecht Radioplayer.lu engem Musek an Noriichten ze lauschteren a seng Liblingspodcasts ze abonéieren an dat gratis an iwwerall.
Folgend Méiglechkeeten huet ee mat Radioplayer.lu:
- nei Radiosender a Podcast entdecken
- de Liblingspodcast eroflueden an offline lauschteren
- de lëtzebuergesche Liblingssender och iwwert d'Grenz ewech lauschteren an dat op der ganzer Welt
- Push-Noriichte kréien, wann ee weider Episode vun der Liblingssendung do ass
- alles wat ee lauschtert kann een iwwer sozial Medien, Messenger-Déngschter a Mail mat de Kolleegen deelen
- d'App verbënnt sech och liicht mat all Bluetooth-Apparat, dem Fernsee an der Apple Watch
- d'App kann een och einfach am Auto unhand vun engem Sproochesystem mat Apple CarPlay an Android Auto benotzen
Weider Informatioune fënnt een op www.radioplayer.lu.