Fir déi 27t Editioun vun de Rocklab Pop-Up Sessions hunn sech d'Organisateure rëm eng ganz speziell Location erausgesicht.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Am Joer 2022 gouf et am SKIP um Belval d’Gittarsaustellung Live, Breathe and Sleep Guitars, bei der een eng Kollektioun vum Luc Henzig konnt bewonneren. An dës war dann och déi speziell Location fir d'Rocklab Pop Up Session vun dësem Mount.

Duerch ee Projet vu Future Frequencies, deen am Kader vun ESCH2022 war,  hunn dräi DJ’en ee Lidd geschriwwe wat "The Sound of Esch" geheescht huet. Kuerz drop hat de Rocklab dunn d’Iddi dëst Lidd zesumme mat Gittaristen nach eng Kéier nei opzehuelen. Hei ass dunn och dës Rocklab Pop Up Session entstanen.

Mir haten an dësem Kader de Gittarist Sven Schmeler vun The Cookie Jar Complot an de Fred Baus als elektronesche Museker am Interview.

Sven S: "Also all Kéiers een DJ huet ee Lidd wat en dann aus dem Sound of Data matbruecht huet a gemixt live. Heirop hunn dann zwee Gittaristen drop improviséiert."

Hei si wärend der Rocklab Pop Up Session immens flott Momenter entstanen déi just konnten entstoe vue dass dat ganzt éischter op Improvisatioun baséiert war.

Fred B:  "Den Ausgangspunkt war fir ze soen, dass et schonn Artiste goufe virdrun an de 70er an 80 er Joren déi esou Experimenter gemaach hunn, fir experimentell Musek mat elektronescher Musek, also Synthesizer an dann och mat Gittaren ze kombinéieren. Dat war ganz interessant a spannend. An et war och fir eis Elektroniker flott fir och einfach mol mat anere Leit an aneren Approchen zesummen ze schaffen."

D’Ziel vun dësem Projet war dann och ee Lidd als Grondlag ze hunn an dovunner nach eng Kéier eng komplett nei Interpretatioun dovunner ze kreéieren.

Sven S: "Et war eigentlech eng Jam bei der een ee Lidd als Grondlag hat an dann eben déi 16 Leit hunn hir eegen Interpretatioun vun dësem Lidd gemaach an den DJ deen den DJ huet den Track dann nach eng Kéier dobäi gemixt. Et war wierklech ee gutt Zesummespill."

Op jiddefalls hunn all d’Museker déi bei dëser Rocklab Pop Up Session matgewierkt hunn, hunn all gesot dass dëse Projet eventuell dofir gesuergt huet, dass verschidden Zesummeschlëss entstane sinn, déi ee virdrun nach net esou um Schierm gehat hätt. Et war also ee Projet deen och an Zukunft nach Friichte kéint droen.