Scho laang gëtt iwwer den Zesummenhang tëscht Musek a psychesch Gesondheet gefuerscht an diskutéiert.

Et gouf schonn dacks genuch bewisen dass Musizéiere gutt fir eng gesond Psych ass. Dat gëtt et jo vill bei Musekstherapien.

D’Fro vun de Fuerscher war ob Museker am Verglach zu musikalesch inaktive Leit méi dacks ënner Depressiounen an Angschtstéierunge leiden. Déi Fro huet en internationaalt Fuerschungsteam vum Max Planck Institut fir empiresch Ästethik zu Frankfurt ënnersicht an analyséiert.

Lauschtert eran!

Hei gouf e Questionnaire opgestallt an 30.000 Zwillinge goufen ageluede fir Äntwerten ze ginn. D’Froen hunn sech op déi musikalesch Aktivitéit bezunn: zum Beispill gouf ee gefrot wéi eng Instrumenter ee spillt, a wéi vill een der spillt. Och gouf ee gefrot wéi erfollegräich een am Beräich Musek ass. Dann ass et bei de Froen och drëms gaangen ob een ënner psychesche Probleemer leit a wéi dacks.

Et kéint een sech vläicht froe wisou Zwillingen dofir erausgesicht goufen. Ma si sinn ideal fir esou Etüde well se an deem selwechten Haushalt grouss ginn an deelweis déi selwecht Genen hunn. An deem Kontext hunn Zwillingen, déi en Instrument spillen an erfollegräich beim Musizéiere waren, matgedeelt dass se méi dacks Probleemer mat hirer psychescher Gesondheet hunn.

Dowéinst huet d’Fuerschungsteam ënnersicht ob musikalesch Aktivitéit ënner verschiddenen Ëmstänn Leit psychesch krank maache kann. Oder ëmgekéiert ob psychesch Probleemer dozou féiere kënnen dass Mënsche musikalesch aktiv ginn. An d’Fuerscher konnten hei keng Kausalitéit fannen, esou eng Verhalensgenetikerin.

Als Fazit gëllt also dass de Risk fir Depressioun sech net erhéilt wann ee Musek mécht. Mee Mënsche mat engem méi héije Risk fir Depressioune sinn och méi dacks musikalesch aktiv, übe méi, an erreeche Leeschtungen op engem méi héijen Niveau. An der Moyenne hunn also musikalesch Mënsch genetesch e liicht méi héije Risk bestëmmte psychesch Krankheeten ze hunn. Mee et schwätzt een hei vun engem klengen Ënnerscheed an vun enger Moyenne, déi een net op en Individuum iwwerdroe kann.