
© Unsplash
Déi Fro, déi een esou dacks héiert mee einfach guer näischt bréngt an d’Situatioun éischter méi schlëmm mécht: "Wisou gëss du esou rout?"
Wat ee méi drun denkt, wat ee méi rout uleeft. Wisou ass dat esou, wat sinn d’Hannergrënn?
Rout ginn huet ganz dacks awer net ëmmer eng psychologesch Ursaach. D’Haut an d’Psych schaffe ganz enk zesummen. Rout ginn ass e Reflex vun eisem Kierper. Dat ass eppes wat ee guer net steiere kann. De vegetativen Nervesystem reguléiert nämlech d’Ofleef am Kierper, déi ee selwer net bewosst kontrolléiert. Eng Reaktioun wéi Schumme geschitt am Emotiounszenter am Gehier, de vegetative System kritt Signaler a leet se dem ganze Kierper weider.
Déi dënn Bluttgefäässer ginn auserneen, doduerch kënnt méi Blutt an d’Baken, an d’Stier, Hals an an d’Oueren oder esouguer am ganze Kapp. Dat geschitt jo da just ënnert der Haut. An esou gëtt een da ganz rout. Bei Leit mat heller Haut ass dat natierlech och vill méi visibel.
De Géigeniwwer gëtt domat gewarnt dass een opgereegt oder rosen ass. Et gëtt ee jo meeschtens rout a soziale Situatiounen. Dat gëtt ënner anerem duerch Stress, Schummen a peinleche Situatiounen ausgeléist. Mee rout gi geschitt natierlech net nëmmen a soziale Situatioune mee och beim Sport, wann et staark Temperaturschwankunge ginn oder wann een en héije Bluttdrock huet.
Verschidde Leit si méi empfindlech drop rout ze ginn a se ginn einfach an a ville Situatioune rout. Et kann och Persoune geschéien, déi als Kand sech dacks geschummt hunn, an dat aus verschiddene Grënn. An deem Kontext gëtt et dann och eng Angscht virum rout ginn déi nennt sech Erythrophobie. Dat ass natierlech en Däiwelskrees: et wëll een nämlech net rout ginn. Mee da gëtt een et nach méi. Dat kann zu enger sozialer Phobie ginn. Hei hëllefen da verschidde Psychotherapien, wéi déi kognitiv Therapie.