
© Unsplash
Jonker sollen an Zukunft just nach 60 Minutten den Dag op TikTok ënnerwee sinn. Fir dat ze erméiglechen huet d'Plattform ee neien Tool lancéiert.
TikTok huet eng nei Funktioun ugekënnegt, déi Jonker a Famillje betrëfft. Nämlech huet d'Plattform selwer matgedeelt, dass den Tool vun der Bildschirmzäit mat méi benotzerdefinéiert Optioune verbessert soll ginn. Mat neie Standartastellunge fir Teenager-Accounts gëtt de Familljen-Pairing mat méi elterlecher Kontroll erweidert. Dës Ännerung soll Teenager dobäi hëllefen hir Zäit op TikTok besser ze plangen.
Wat genee heescht dat? A wéi wëll TikTok dat maachen?
An éischter Linn geet et drëms, dass e Jonker manner Zäit op der Sozialer Plattform verbréngen. Méi genee, heescht dat, dass TikTok wëll dass e Jonker just nach 60 Minutten den Dag online sinn. An dat ass méiglech an deem TikTok an deenen nächste Wochen automatesch eng alldeeglech Bildschirmzäit vu 60 Minutte bei Notzer ënner 18 Joer astellt. Wann dës Limitt erreecht ass, gëtt de jonken User dozou opgefuerdert ee Code anzeginn, fir weider ze kucken. Esou muss een dann nämlech eng aktiv Decisioun huele fir d'Zäit ze verlängeren. Fir Jonker ënner 13 Joer gëllt och eng Limitt vu 60 Minutten. Hei muss dann awer een Elterendeel oder eng erzéiungsberechtegt Persoun de Code festleeën an no 60 Minutten agi fir esou zousätzlech 30 Minutte Bildschirmzäit ze erméiglechen.
Wéi TikTok op hirem Site schreift, géif et keng allgemeng Meenung iwwert déi richteg Unzuel u Bildschirmzäit ginn oder d'Auswierkunge vun dëser, mee et géif een sech bei der Wal vun dësem Zäitlimitt op aktuell wëssenschaftlech Etude vum Digital Wellness Lab vum Boston Children's Hospital baséieren.