Den 8. Mäerz ass den internationale Fraendag an an deem Kader hu mir eis mam CID - Fraen an Gender iwwert gendergerecht Themen ënnerhalen.

Am Kader vum Weltfraendag, den 8. Mäerz, hate mir een Interview mam Claire Schadeck vum CID - Fraen an Gender. Mir krute Froen iwwert Fraen an der Politik beäntwert, d’Tabell iwwert d'Gendersensibilitéit vun de verschiddene Lëtzebuerger Parteien erkläert a Fort- a Réckschrëtter a Punkto Fraerechter goufen thematiséiert.

Wéi feministesch sinn d'Lëtzebuerger Parteien?

Am Kader vun de Gemengen- a Chamberswalen huet sech de CID – Fraen an Gender op eng gendersensibel Perspektiv vun deene verschiddene Parteie konzentréiert. Hei goufen déi verschidde Walprogrammer analyséiert an an enger Tabell opgelëscht. Dobäi gouf gekuckt, wéi gendersensibel denken déi verschidde Parteien an a wat fir enge Punkte wëllen sech d’Parteien evoluéieren. D'Parteien haten hei d'Méiglechkeet ee Froebou mat 30 Froen ze beäntwerten.

D'Parteien hunn dëse Froebou och ënnerschiddlech prioriséiert, esou koum vu verschiddene Parteie méi séier eng Äntwert wéi vun aneren. Zwou Parteien hunn och guer keng Réckmeldung ginn. An deem Punkt wëll de CID kenger Partei eppes ënnerstellen an awer fällt et op, dass d’Thema ronderëm Gendersensibilitéit fir dës Parteien net prioriséierend sinn.

De CID wäert awer am Kader vun de Walen nach weider Ausernanersetzunge mat de Parteien an de gendergerechten Theme maachen. Déi sollen an deenen nächste Woche verëffentlecht ginn.

D'Claire Schadeck ass Chargée politique culturelle vum CID an huet eis zu dëser Tabell e puer Detailer genannt.

Lauschtert hei de ganze Reportage.

Wéi eng Plaz hunn d'Fraen am Superwaljoer?

Dëst Joer fält de Weltfraendag an d'Superwaljoer zu Lëtzebuerg. Dofir wollte mir vum CID Fraen an Gender wësse wat hir Analys ass. An dat aus hirer feministescher Perspektiv a Punkto Paritéit op de Wallëschten, Themen, an eventuelle Spëtzekandidatinnen.

Weltfraendag am Superwaljoer

Dem CID Fraen an Gender wier definitiv schonn opgefall, dass d’Paritéit an dësem Waljoer vläicht eng méi grouss Roll spillt wéi nach an der Vergaangenheet. E Bewosstsinn wier also do, esou d’Claire Schadeck, Chargée politique culturelle vum CID.

Et hätt manner mat de Frae selwer ze dinn, ob se Politik maache wëllen, well vill Frae wéilten sech politesch engagéieren. Et hätt éischter domat ze dinn ob Strukturen an der Politik erméiglech dass all Mënsch sech integréiere kann. Paritéit op de Lëschte géif nach ëmmer net dozou féieren dass dat och an enger Regierung erëmgespigelt gëtt.

De CID hätt och héieren dass verschidde Parteien nach last minute op der Sich no Frae si fir datt se gutt do stinn. Dat géif weisen dass d’Aarbecht net gemaach gouf an dass et u kloren Strategië feelt.

Et géif ee generell bei den Themen a verschiddene Programmer gesinn, dass eng méi feministesch an gendersensibel Politik gefouert gëtt.

E Beispill ass hei definitiv d’Aarbechtszäitverkierzung. Hei gëtt d’Diskussioun jo kloer gefouert, a fir d’Claire Schadeck kéint dat och e klore Walkampf-Sujet ginn. D’Positioune wieren zwar ënnerschiddlech mee d’Diskussioun géif awer gefouert ginn.

Dass et eventuell e puer Fraen als Spëtzekandidatinne bei de Parlamentswale kéint gi gëtt zwar vum CID begréisst mee d’Geschlecht eleng géif net duergoe fir eng feministesch Politik duerchzeféieren. Italien wier nämlech aktuell e gutt Beispill dofir mat der rietspopulistescher Giorgia Meloni als Premierministesch.

Wat fir eng Fort- a Réckschrëtter a Punkto Fraerechter goufen et bannent engem Joer?

Am Kader vum Weltfraendag wollte mir eng kleng Bestandsopnam maachen an e bëssi kucke wat fir eng Fort- a Réckschrëtter bei de Fraerechter am leschte Joer festgestallt goufen.

Mir haten d’Claire Schadeck vum CID Fraen an Gender gefrot wat ee kéint national an international ervirhiewen. A Punkto Lëtzebuerg goufen et dës Remarken.

Fraerechter zu Lëtzebuerg

An d’Claire Schadeck hat dann direkt e Beispill vun engem Fortschrëtt, deen een hätt kënne maachen.

Iwwert de Feminizid

An international si jo am leschte Joer e puer Saachen am Sujet Fraerechter geschitt.

International Réckschrëtter

Hei gouf nach zousätzlech Schwede genannt, well do déi feministesch Aussepolitik komplett gestrach gouf, obwuel d’Schweden Virreider an deem Sujet waren.

Et goufen awer och e puer Fortschrëtter international gemaach:

International Fortschrëtter

Fuerderunge vun der Fraendemo 2023

Dëst Joer gëtt se "Marche féministe" genannt a vun der Plattform JIF organiséiert. Se ass den 8 Mäerz um 17h00 um Hamilius an da gëtt duerch d’Stad getrëppelt. Jiddereen an net just Fraen si wëllkomm. D'Claire Schadeck huet d'Fuerderunge vun dësem Joer resuméiert:

Fuerderungen fir d'Marche féministe 2023

Hei fannt dir am Detail d'Fuerderungen vun der Plattform JIF!

Weider Informatiounen iwwert de CID - Fraen an Gender fënnt ee bei hinnen um Site ënnert cid-fg.lu.