Eng Etüd, déi an der Zäitschrëft Music Perception publizéiert gouf, hätt erausfonnt, dass kuerz Extraite vun engem Lidd eise Museksgout virausgesi kënnen.

Anscheinend kënnen d’Leit wëssen ob se e Lidd gären oder net gären hunn wann se nëmmen e puer Sekonnen dovunner gelauschtert hunn. Dat geet aus enger Etüd vu Psychologie-Fuerscher aus der New York University ervir.

Lauschtert eran!

Aus der Recherche geet also ervir dass en Deel vun engem Wierk vun engem Kënschtler dat ganzt Wierk representéiere kann. Wärend engem Lidd géifen zwar déi akustesch Eegenschaften sech änneren, mee dat wier dem Nolauschterer relativ egal.

Bei dëser Etüd hu ronn 650 Participante matgemaach. Et ware Bachelor-Studente vun der NYU an och Residenten aus der New Yorker Géigend. An dëse Sessiounen hunn sech d’Participanten iwwer 250 komplett Lidder ugelauschtert genee esou wéi Extraite vun deene Lidder, déi 5, 10 a 15 Sekonne gedauert hunn.

D’Fuerscher hunn och net ëmmer den Ufank als Extrait benotzt. Mee och de Schluss, de Refrain a verschidden aner Deeler vun de Lidder. Et goufe beléifte Lidder an deene leschten 80 Joren erausgesicht a ville verschiddene Genren. D’Participanten hunn dunn missen uginn ob se e Lidd haassen, guer net gären hunn, liicht ongär hunn, keng Meenung dozou hunn, ob d’Lidd hinnen e bëssi gefält, zimmlech gutt gefält, oder ob se et ganz vill gär hunn. Se goufen och gefrot ob se d’Lidd scho virdrun héieren haten.

Hei konnt een also d’Preferenz fir e Lidd erausfannen a virausgesinn, egal ob d’Persounen e ganzt Lidd oder en Extrait gelauschtert hunn. D’Längt vum Extrait huet och keng Roll gespillt. Et hat awer en Afloss wann d’Participanten d’Lidd scho virdru kannt hunn. D’Fuerscher sinn der Meenung dass hir Etüd kann zu der Recherche bäidroen, wéi eng Elementer vun de Lidder besonnesch Emotioune bei den Nolauschterer ausléise kann.