
© Unsplash
Eng Etüd huet erginn, dass d’Songs, déi mer lauschteren net just eise Museksgoût beaflosst.
Et ginn Etüden, déi besoen, dass Kéi besser Mëllech produzéiere wa se dobäi Musek lauschteren. Ma wéi ass et eigentlech duerno, wann de Produit fäerdeg ass a mir en iessen? Schmaacht eis d’Iesse jee no der Musek och besser? Genee dat huet eng Etüd am Optrag vum franséische Mëllechbranchen-Verband CNIEL getest.
Dofir goufen 100 Testpersounen, e wëlle Museksmix an ee Laif Kéis (Comté) gebraucht. Siwe Stécker Kéis gouf de Participante gereecht, déi se wärend Musek gelaf ass geschmaacht hunn. D’Songs hu sech ofgewiesselt, de Kéis ass dee selwechte bliwwen, och wann d’Kandidat:innen dat net wossten. Dës sinn dovun ausgaangen se géife wéi d’Songs déi gewiesselt hunn och ëmmer nees anere Kéis virgesat kréien an hunn deemno de Goût vum Kéis bewäert.
D’Resultat: de Kéis huet de Participanten no vu Stéck zu Stéck (souwuel Kéis, wéi Musekstéck) anescht geschmaacht.
De Kéis, dee wärend dem Jazz gereecht gouf, hat de Leit der Bewertung no guer net geschmaacht. Genee de selwechte Kéis, dee wärend dem Lafe vun HipHop Tracks giess gouf, gouf als lecker empfonnt. 24 Prozent hunn dëst Stéck Kéis als beschte Kéis bewäert. Och déi Stécker, déi wärend Rock- an Elektro-Musek giess goufen, koume mat 16 an 18 Prozent net esou schlecht dovun.
Aus der Loft gegraff ass d’Experiment net, ëmmerhin hu schonn eng Partie Etüde bewisen, dass eis Mikroorganismen op Musek reagéieren.