
© Eldo Archiv
Hat déi ganz Corona-Pandemie e laangfristegen Impakt op d'Intelligenz vun eise Kanner? Eng nei Etüd wëll elo eng Äntwert dorobber fonnt hunn.
Et ass schwéier ze gleewe mee geschwënn ass et schonn dräi Joer hier, dass eise Premier Xavier Bëttel mat dëser Annonce eise kompletten Alldag vun haut op muer verännert huet.
Lockdown! Vun haut op muer war all Mënsch doheem an alles war zou, och Schoulen. Genee wéi d’Aarbecht ass de Cours vun der Schüler an déi eege véier Wänn verluecht ginn. An déi ganz Situatioun war virun allem am Ufank net besonnesch evident.
Eng nei Etüd soll elo erausfonnt hunn, dass eis Schüler duerch d’Pandemie méi domm gi sinn! An Däitschland goufe mat Pandemie-Schüler eng ganz Rëtsch Intelligenz-Tester duerchgefouert. D’Resultater goufen doropshi mat Gruppe verglach, déi 2002 an 2012 an d’Schoul gaange sinn. Am Schnëtt hu Corona-Klassen en IQ opgewisen, dee fënnef Punkte méi niddereg ass. Dat géif dem Professer Detlef Rost emplus passen, entsprécht ee Schouljoer bei engem Kand ongeféiere e Wuesstem vu fënnef IQ-Punkten.
Dat wier awer net just op den Homeschooling zréckzeféieren. D’Experte behaapten, dass vill Kanner a Jugendlecher duerch Corona virun allem op psychologeschen a sozialen Niveau gelidden hunn. Béid Aspekter wiere vir eng optimal Bildung awer absolutt noutwenneg. De Stress, deen d’Pandemie bewierkt huet, hätt sech verständlecherweis och op d’Motivatioun vun de Schüler ausgewierkt.
Och wier et net ganz fair, Schüler aus dem Joer 2002 an 2012 mat Schüler aus dem Joer 2020 ze vergläichen. Do géif nämlech och nach en anere Facteur matspillen, nämlech den enorme Konsum vu Social Media. Deen huet nämlech och e negativen Impakt op eis Intelligenz, dat hu separat Etudë méi wéi eng Kéier bewisen.
Sinn eis Schüler also méi domm wéi fréier? Jein!
Opschiddefall kann a soll een et net just op Corona bezéien. Den HomeSchooling hätt hei zu Lëtzebuerg am Verglach mat anere Länner nämlech relativ gutt geklappt.