
© Unsplash
E Marathon ze lafen ass wierklech net eppes, wat een einfach esou maache kann, ouni sech et gutt virdrun iwwerluecht ze hunn.
E Marathon ass schonn eng gréisser Leeschtung, déi de Kierper fäerdeg bréngt. Mir hunn e puer Tipps gesammelt fir sech optimal op esou eng Course virzebereeden.
Ziler definéieren
Wat definitiv extrem wichteg ass fir e Marathon ze lafen ass et Ziler ze definéieren. All Leefer ass anescht an domat sinn och d’Ziler ganz ënnerschiddlech. Dat wichtegst ass et realistesch Ziler ze hunn, en Ufänger kann sech net dat selwecht virhuele wéi een deen drun gewinnt ass, eng laang Streck ze lafen. Déi eng wëllen eng bestëmmten Zäit lafen, déi aner wëllen einfach nëmmen ukommen.
Et soll een sech dann och e Marathon eraussichen, dee sech eegent: hei muss ee kucke wat een sech vun engem Marathon erhofft, also wann een éischter Landschaft oder Stad léiwer huet.
Training plangen
Nächste Punkt ass den Training ze plangen: e richtege Plang ass wichteg, egal wat d’Zil ass muss een eng Struktur an de Woche virun enger Course hunn. Eng Marathon-Virbereedung soll tëscht 10 a 16 Wochen daueren, wichteg sinn hei laang a lues Trainingsleef, et muss een de Kierper dru gewinnen e puer Stonnen ouni Paus op de Been ze sinn. E laange Laf fänkt bei 24 Kilometer un. Intervall-Training muss och gemaach gi genee esou wéi Stabilisatiounstraining.
Raschten
Wichteg ass hei awer och d’Erhuelungsphas. De Kierper brauch eng Zäit fir seng eidel Energiespäicher opzefëllen. Seenen a Gelenker mussen sech deemno regeneréieren. Wann een e Marathon leeft ass Schlof och immens wichteg. Et bréicht een ongeféier 30 Minutte méi Schlof wéi soss pro Nuecht.
Schong an Iessen
Et muss een natierlech och seng Schong testen: a wann een der keeft soll een se net hale bis een de Marathon leeft, well d’Muskelen sech dru gewinne mussen.
Iessen ass e wichtegt Thema. Wie vill leeft, muss och vill iessen. De Besoin u Eewäisser muss gedeckt ginn. Kuelenhydrater dierf een awer och net vergiessen. Virun allem 4 Deeg virum Marathon ass et gutt vill dovunner z’iesse mee an de leschten 18 Stonne soll een se nees e bëssi reduzéieren.