
Wann d’Still an der Schoul net bequem muss ee sech ze hëllefe wëssen!
D’Fast Fashion Branche lieft vun Trends, déi kuerzlieweg sinn, vu gerénger Qualitéit a gënschtege Präisser. Ma d’Konsequenz dovun ass ganz kloer d’Iwwerproduktioun vu Kleeder, déi duerno eng Zukunft als Textil-Offall erwaard. Genee dëst wëllen 9 motivéiert Schüler aus dem LTB verhënneren an hunn d’Mini-Entreprise «SecondHome» an d’Liewe geruff.
Hei gëtt op Upcycling gesat fir ale Kleeder en 2. Liewen ze schenken. Dës Kleedung, kënnt vun enger ASBL hei zu Lëtzebuerg, déi Container ueschtert d’ganzt Land stoen huet fir Kleeder ze sammelen.
Mat den alen Jeans an Hiemer ginn also Kësse gebitzt an de Grond firwat grad Këssen, huet mam Inventar vun der Schoul ze dinn.
«D’Still an der Schoul waren net wierklech gemittlech, dofir si mer op d’Iddi komm Këssen ze maachen»
Nieft onbequeme Still huet d’Schoul awer och Bitzmaschinnen an e Coach, deen de Schüler bäibruecht huet wéi ee bitzt. Esou entstinn aus de Kleeder, déi kee méi wëll, Këssen, déi d’Schüler verkafen.
Wann der iech de Produit ukucke wëllt oder selwer eng Bestellung wëllt opginn da gitt mol ënner eldo.lu, do fannt der all d’Informatiounen, Fotoen a Links.