Wie schenkt wiem eng Bretzel? Wat fir eng Bretzel schenkt een der Traditioun no? A wat schenkt een am Retour?

Bretzelssonndeg ass u sech ee Fest vun der Léift. Dat ëmmer um 4. Sonndeg an der Faaschtenzäit geféiert gëtt. Dat heescht Halleffaaschten. Déi ganz Traditioun ass eng réng Lëtzebuerger Traditioun. An der Traditioun no schenkt de Mann senger Fra, senger Frëndin oder där Fra, där hien seng Léift wëll gestoen eng Bretzel. Dës Bretzel ass traditionell aus Bliederdeeg mat enger Zockerglasur a Mandelen. Mee hautzedaags ginn et hei och ganz vill aner Variante vu Bretzelen. A ganz egal ob se mat Schockela, Zocker oder sos eppes gemaach gëtt. D'Bretzel ass op deem Dag d'Symbol vum Partner senger Léift.

Mee déi ganz Traditioun ass op deem Dag nach net fäerdeg. Huet d'Fra déi selwecht Gefiller fir de Mann, wéi hie fir si. Da schenkt d'Fra dem Auserwieltem een Ee op Ouschterdag. Hei kann et och een normaalt Ee oder ee Schockelasee sinn. Sollt d'Fra awer keen Interessi un deem Mann hunn, deen hier eng Bretzel op Bretzelssonndeg geschenkt huet. Da gëtt d'Fra dem Mann een eidele Kuerf. Vun do kënnt och dee bekannte Sproch "De Kuerf kréien" oder "De Kuerf ginn".

Wärend engem Schaltjoer, dat heescht all véier Joer, gëtt dës Traditioun ëmgedréint. Do verschenkt d'Fra op Bretzelssonndeg eng Bretzel dem Mann. An de Mann, wann hien interesséiert ass, schenkt der Fra op Ouschteren een Een. Oder si kritt de Kuerf vum Mann.

Lauschtert hei de ganze Féx erkläert.