Vill jonk Mënschen, zemools Persoune vun der Generatioun Y, hu keng Loscht méi op Karriär. Mee firwat ass dat dann de Fall?

Wéi sech weise léist ginn ëmmer méi Chefplaze gesicht. Vum Januar bis September lescht Joer goufen een Drëttel méi Plazen a Féierungspositioune gesicht wéi nach am Zäitraum virdrun.

An dat kënnt dovunner, dass e vill jonk Mënschen am Konzept Karriär-maachen net de Sënn vum Liewe gesinn. Well op héije Chefplazen ass ee reegelméisseg méi laang op der Aarbecht an d'Aarbecht hëlt vill Plaz am eegene Liewen an. Esou dass e vill aner Saachen net kënne gemaach ginn. Esou trëtt d'Privatliewe mol méi kuerz an et huet ee vläicht manner Zäit fir Kolleegen oder fir d’Famill oder einfach fir sech selwer. A vill jonk Persoune gesi wéi et bei hiren eegene Cheffen ausgesäit oder wéi et bei Léit aus hirem Ëmfeld, déi an enger Féierungspositioun sinn, ass. An si gesinn déi Persounen net als Virbiller, well si net gesinn, dass de Sënn vum Liewen dorausser besteet 40 bis 50 Joer alles fir dat eegent Beruffsliewen ze maachen. D'Prioritéite vun dëser Generatioun hunn sech verännert. Nämlech gëtt et ëmmer méi wichteg eng gesond Work-Life-Balance ze hunn an doduerch kënnt et, dass et fir vill Persounen den Aspekt Life méi wichteg gëtt. Et wëll een net ëmmer erreechbar sinn an d'Aarbecht huet esou keng Prioritéit méi.

Mee dat ganz Phänomeen léist sech net nëmme bei der neier Generatioun bestätegen. Dat Ganzt hëlt och sou wéi sou mat der Zäit am Beruffsliewen of. Vun den 18 bis 29-Järege kënnen sech nach 56 Prozent virstellen ee mol Chef ze ginn an hirer Karriär. Bei den 30 bis 39-Järege fält d'Unzuel schonn. Hei sinn et da just nach 49 Prozent.

An och net nëmme Generatioun Y leet manner Wäert op eng erfollegräich Karriär. Och Persoune vun der Generatioun Millenials ass et méi wichteg mat enger gudder Ekipp zesummen ze schaffen a vill Suen ze verdéngen.

Mee ganz egal zu wat fir enger Generatioun ee gehéiert. Et soll een nach ëmmer fir sech selwer decidéieren, wat fir ee selwer am wichtegsten ass. Karriär oder Privatliewen. An do soll een sech och vu kengem aneren draschwätze loossen, well de Sënn vum Liewe ka jidderee fir sech selwer bestëmmen.

Lauschtert hei de ganze Reportage.