Um Welt-Down-Syndrom-Dag ware mir op Besuch an engem Restaurant an deem berufflech Inclusioun extreem wichteg ass.

Wat ass de Projet "Restaurant Madame Witzeg"?

De Restaurant Madame Witzeg ass zënter dem 23. Januar 2023 zu Bieles op. Et handelt sech ëm e Restaurant an deem Leit mat Beanträchtegung schaffen, ënner anerem Leit mat Trisomie 21. D’Carol Mousel, Chargée de Direction vun Trisomie 21 Lëtzebuerg asbl, hat den Ursprong vum Projet erkläert.

Lauschtert eran!

D'Iddi ass entstane well ganz vill Sensibilisatiounsaarbecht a Schoule gemaach gëtt an d'Schüler ëmmer gefrot hunn wou déi Leit si mat Beanträchtegung. Dofir wollten se e Projet maache fir d’Leit mat enger Beanträchtegung méi an de Vierdergrond ze setzen an hir Kompetenzen no baussen ze weisen. Doropshin ass d’Iddi entstanen e Restaurant opzemaache well Iesse goe mécht jidderee gären.

Aktuell schaffen 2 Persounen aus dem gastronomesche Beräich, 2 Leit aus dem pedagogesche Beräich a 5 Leit mat Beanträchtegung am Restaurant, mee d’Ekipp wäert sech vergréisseren. Dohannert stécht en Aarbechtsgrupp, deen aus dem Personal vun der ASBL an aus Benevolle besteet. D’Gemeng Suessem huet dann och d’Lokal zu engem soziale Loyer zur Verfügung gestallt.

Wat ass d'Zil vum Projet?

Am Restaurant Madame Witzeg sollen d'Leit kënne schnupperen an sech weiderentwéckelen, si solle kënnen Erfarung hannert der Bar, an der Kichen oder am Service sammelen an doropshin erausfanne wat hinnen am beschte läit.

Wichteg ass et dass d’Leit autonom kënne schaffen an heiansdo dann och selwer e Plat gestallten. D’Zil ass d’Inclusioun, fir dass d’Leit prett gi fir den Aarbechtsmaart. De Feedback vun dobausse wier och gutt, d’Leit hätten sech op esou e Projet gefreet, dat géif beweisen dass d’Clientë prett fir d’Inclusioun wieren.

Am Restaurant kënnen ongeféier 30 bis 40 Leit iesse kommen. D'Zil wier et och saisonal a regional Produiten ze notzen. De Restaurant huet eng kleng Kaart mat klenge Platen also klenge "Witzegkeeten".

Den Edoardo schafft am Restaurant an der Kichen

Den Edoardo ass ee vun de Mataarbechter mat Beanträchtegung, deen am Restaurant schafft. Am Interview sot hien dass hie ganz zefridde mat senger Aarbecht an der Kiche wier.

D'Mireille schafft och ganz polyvalent am Restaurant

D'Mireille, dat eng Beanträchtegung vun der Vue huet, schafft op ganz ville Plazen am Restaurant an ass frou dass et esou e Projet gëtt. Hei kéint et sech weiderentwéckelen an dat a sengem eegene Rhythmus.

D'Mireille beschreift seng Aufgaben
D'Mireille huet d’Chance sech weider z’entwéckelen
D'Mireille erkläert wisou esou e Projet wichteg ass

Expo am Kader vum Welt-Down-Syndrom-Dag