
© JEWEL SAMAD / AFP
Um 17. Mäerz ass traditionell de Saint Patrick's Day an Irland. Vu wou kënnt déi Traditioun a firwat ass de Patrick esou eng wichteg Perséinlechkeet?
De Saint Patrick's Day ass u sech de Gedenkdag vum iresche Bëschof Patrick. Deen huet am 5. Joerhonnert gelieft a gëllt als éischte chrëschtleche Missionar an Irland. Dat heescht hie war déi éischt Persoun, déi de Chrëschtentum an Irland verbreet huet. Dem Bëschof Patrick säi Gebuertsdag a Stiefesdag sinn net iwwerliwwert. Den Datum vum 17 Mäerz als säi Stiefesdag gouf déi éischte Kéier am 7 Joerhonnert genannt. An dofir huet een sech op dësen Dag gëeenegt. Verschidden Historiker sinn der Meenung, dass de Saint Patrick, esou wéi een haut geéiert gëtt, op mannst zwou verschidde Persoune waren, déi mat der Zäit zu enger Persoun verschmëlze sinn.
Nieft Irland ass de Saint Patricks Day och nach ee gesetzleche Feierdag a Nordirland, der kanadescher Provënz Neifundland an der Insel Montserrat. A ville groussen iresche Stied sinn deen Dag Paraden an d'Stad gëtt esou gutt et geet an déi gréng Faarf gedeeft. Esou gëtt zum Beispill och de Floss zu Dublin mat der grénger Faarf agefierft. Des Weidere gëtt et op deem Dag grénge Béier ze drénken an d'Léit dinn sech gäre gréng un. Ma an awer gëtt d'Fest och uechtert d'ganz Welt an iresche Pubs gefeiert.
Wien deen Dag och wëll feieren, soll sech da gréng undoen. Gréng ass nämlech d'Nationalfaarf vun den Iren. Dat wëll d’Insel wéinst senger Natur als gréng Insel bezeechent gëtt. An et kann een nach Accessoirë wéi een dräibliedregt Kléiblat undoen. D'Kléiblat ass d'Nationalsymbol vun Irland. An och dat léist sech zeréck op de Saint Patrick verfollegen. Dësen huet d'Kléiblat mat den dräi Blieder nämlech genotzt fir de Léit déi Dräifaltegkeet ze erklären. Dat heescht Konstellatioun tëschent dem Papp, also dem Gott, dem Jong, also dem Jesus an dem Hellege Geescht.
Mee ganz egal op een elo reliéis ass oder aus Irland kënnt, dësen Dag kann een och einfach mat senge Léifsten déi verréckt iresch Natioun an hier Traditioune feieren.