
© Unsplash
Eng Petitioun huet de Seuil vun de 4.500 Ënnerschrëften erreecht an esouguer iwwerschratt.
Hei handelt et sech ëm eng Petitioun, déi fuerdert dass d’Steierklass 1a ofgeschaaft gëtt. Den Transfert vun der Steierklass 2 an d’Steierklass 1a bréngt mat sech e Verloscht un Akommes fir d’Familljen.
An der Steierklass 1a komme Leit, déi hire Partner verluer hunn, déi iwwer 65 Joer hunn mee och elengerzéiend Leit mat Kanner, déi nach am Stot sinn.
An eng elengerzéiend Persoun ass och d’Petitionärin Maria Ramirez: Si war am Eldo-Interview an huet hir Demarche erkläert.
D’Maria Ramirez iwwer d’Steierklass 1a, de Steiersystem deen net modern ass an eng Steierreform: