
De Läb / © Danny Epstein
No 4 laange Jore sinn déi fäin Drecksäck aus dem Minett erëm prett fir eis Trommelfeller ze masséieren!
De 24. Mäerz bréngen De Läb hir nei EP eraus. Fir "Wien ass am Haus-gemaach?!" hunn De Läb d'Aart a Weis vun der Produktioun e bësse verännert. De Corbi an den David Fluit hunn d'Samples an d'Drum-Computeren op d'Säit geluecht an dat ganzt kompositorescht Talent vun hirer Band genotzt. Zesumme mat de Museker Benoît Martini (Drums), René Macri (Bass), Georges Sadler (Saxophon), Michel Lopes (Keyboard) an DJ Funkstarr hu si sech an engem Chalet zu Bouillon (B) agespaart an ugefaangen éischt Saachen ze komponéieren. Duerno ass et am Proufsall weidergaangen, wou dann och déi final Tracks fir déi nei EP entstane sinn.
Am Virfeld vum Release war den David Fluit op Besuch am labbere Feierowend. De Rapper huet eis ënnert anerem verroden, dass De Läb wärend dem Songwriting-Prozess schonn direkt ëmmer un de Live denkt.
"Ech menge ganz am Ufank hu mir warscheinlech net esou geduecht. Mee säit mir Live-Optrëtter hunn, ass dat einfach natierlech esou komm. Mir sinn eben och eng Live-Band a mir feieren de Live méi ewéi de Studio." (David Fluit)
Wéi sech dat fir eng Live-Band gehéiert, gëtt deen neie Release e Freiden och direkt an der Escher Kulturfabrik zelebréiert! Den DJ PC ass fir de Warm-up zoustänneg, als Support ass de lëtzebuerger Rapper V.I.C mat dobäi an op der Afterparty spillt KILL EMIL. Ausserdeem kënnt dir iech op verschidde Special Guests, neien De-Läb-Merch an aner Iwwerraschunge freeën. A fir et am David Fluit senge Wierder ze soen: "Dat gëtt mega chaud, et wäert eng richteg fett Session ginn!"
Wann dir De Läb an hir nei EP "Wien ass am Haus-gemaach?!" wëllt live erliewen, da kënnt dir iech um Internetsite vun der Kufa är Ticketen sécheren!