Road Rage definéiert jo wann een sech wärend dem Fueren iwwerméisseg opreegt. Allgemeng bréngt dat näischt a kann esouguer zu Accidenter féieren.

An gläichzäiteg ass et schwiereg net ze reagéiere wann en Automobilist engem d’Virfaart hëlt.

Lauschtert eran!

Éischten Tipp géint Road Rage ass mat Zäite fortzefueren. Esou léisst een sech méi Zäit an et ass een net gestresst wéinst engem eventuelle Retard. Konsequenz dovunner ass dass ee méi roueg hannert dem Steier ka sinn.

Zweeten Tipp ass dass ee selwer net aggressiv soll fueren, well et kann een domat en Accident ausléisen. Aplaz sech opzereegen soll ee probéiere manéierlech ze bleiwen: och wann dat muss trainéiert gi fir dass dat déi automatesch Äntwert gëtt an net méi d’Opreegung.

Wann een Tendenz huet sech am Auto opzereegen, da soll ee vläicht Berouegungsübunge maachen. Zum Beispill soll een e puermol déif an- an ausootmen. Domat schléit d’Häerz méi lues, an et ass ee manner gereizt.

Et soll een och sengem Verstand nolauschteren a sengen Emotiounen dee Moment net fräie Laf ginn. Et soll een am beschten déi Leit, déi egal wéi fueren ignoréieren. Et ass nämlech net dem Automobilist seng Roll d’Police ze spillen, dofir ass si jo do.

Déi nerveg Chauffere kennen ee perséinlech net also fueren si net aggressiv oder schlecht fir ee perséinlech ze nerven. Dofir hëlleft et dann och deem säi Fuerstil net perséinlech ze huelen. Aggressiv Chauffere soll een einfach laanscht fuere loossen a selwer méi lues fueren.

Et soll een am beschten och op aner Gedanke kommen an dann Audio Bicher, Podcast oder Musek lauschteren. Natierlech ass et awer wichteg sech nach ëmmer op d’Fueren ze konzentréieren.