Am Kader vum Weltwaasserdag, deen um 22. Mäerz ass, gouf eng ganz speziell Konferenz vun de Vereenten Natiounen an d’Liewe geruff.

Déi Konferenz dauert bis e Freideg an nennt sech "UN 2023 Water Conference" an ass zu New York. Hei gi sech kloer Engagementer, Flichten an Aktiounen erwaart an dat an alle Secteuren, Industrien an Natiounen. Et wäerten also Vertrieder vu ville Natioune weltwäit op dëser Konferenz dobäi sinn. Fir Lëtzebuerg ass d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring op der Plaz.

Et muss een ënnersträichen dass et déi éischt Waasserkonferenz zënter 1977 ass. Op der Konferenz wäert de sougenannte Water Action Agenda lancéiert ginn. Wichteg ass et den Accès op all Servicer vun der Waasserversuergung iwwerall op der Welt ze garantéieren. Och soll een eng nohalteg Sanéierung weltwäit garantéieren.

Dat ass jo dann och en Deel vun deene groussen Ziler vun de Vereenten Natiounen. Well d’Ziler vun der nohalteger Entwécklung sollen hei méi séier erreecht ginn. Waasser a Sanéierung gehéieren zu de SDG also Sustainable Development Goals Nummer 6. Wat ee muss am Kapp behalen ass dass iwwer 733 Millioune Leit a Länner liewe mat akutem oder héijem Waasserstress. Wann näischt gemaach gëtt, wäerten 2030 1,6 Milliarde Leit ënner Mangel un Drénkwaasser leiden. 2,8 Milliarde Leit wäerte keen Accès op sécher Sanitären hunn.